Mam Täschegeld maachen d'Kanner hier éischt Schrëtt fir mat Suen ëmzegoen. Gi se direkt alles aus oder spueren se op eppes wat se onbedéngt wëlle kafen? Dat weist sech dann mat der Zäit och dorunner, wéi vill Suen se schlussendlech als Täschegeld an de Grapp kréien. Wéi esou e Montant festgeluecht gëtt, weess de Jeff Rossler.

25/05/2022 Wéi steet et mam Täschegeld? (Internet)

Déi Däitsch Assurancegrupp "Cosmos Direkt" kuckt zanter 2013, wéi vill Täschegeld déi 6- bis 9-Jähreg an Däitschland kréien. An dëse 9 Joer soll de Montant am ganzen ëm 32% an d'Luucht gaange sinn. Dat ass natierlech alles Stéck fir Stéck gaangen, d'lescht Joer hunn d'Kanner z.B. 30 Cent méi kritt, wéi d'Joer virdrun. Zesumme gerechent waren dat 3,80€ pro Woch. Wéi eng Kanner wéi vill Sue kréien, ass do nawell gläichméisseg opgedeelt. Déi meescht kréie bis zu 2 Euro, dat wiere 16% vun de Kanner, déi mannste kréien tëscht 3 a 5 Euro, dat sinn der just 6%. Et sinn awer net wéineg Kanner, déi souguer méi wéi 5 Euro kréien, do schwätze mir vu 15%.

Op wat kucken d'Elteren dann, fir ze entscheede wéi vill Suen si hire Kanner ginn? Déi meescht consideréieren den Alter, déi mannsten d'Verhalen. 18% vun den Eltere belounen d'Verhale vun de Kanner mat Suen a just 7% kucke beim Täschegeld no den Notten an der Schoul. 20% vun den Eltere koppelen d'Suen un d'Schouljoer an iwwer d'Hallschent gëtt de Kanner méi Täschegeld, wann d'Kanner méi al ginn. Wat nach opfält: Ëmmer méi Eltere ginn einfach guer keen Täschegeld. 2013 war een do nach bei 36%, mee dat ass iwwer d'Joren ëm 10% geklommen.

Déi meescht Mammen a Pappen, déi mat Täschegeld fueren, ginn et hire Kanner all Woch. Ee Véierel vun den Eltere gëtt de Kanner just all Mount d'Suen a just 2% ginn de Kanner all Dag Suen.

Wat beim Täschegeld gäre mol vergiess gëtt: D'Inflatioun betrëfft och de Kanner hier Suen. Dat huet awer dacks keng Auswierkungen op d'Täschegeld. 97% vun den Eltere bleiwe beim nämmlechte Montant, egal wat d'Inflatioun seet.

Do hu mir dach mol nogefrot, wéi gesäit dat bei Iech aus? Bleift d'Täschegeld d'nämmlecht oder passt Dir dëst un?

25/05/2022 Ëmfro: Inflatioun op d'Täschegeld