Ënnert anerem wéinst dem Krich an der Ukrain sinn d'Energiepräisser an de leschte Wochen a Méint deels massiv an d'Luucht gaangen. Ob dat och beim Stroum de Fall wäert sinn, ass zwar nach net ganz kloer, mee och onofhängeg dovun ass et net vu Muttwëll Stroum an domat och Suen ze spueren. De Marc Hoscheid huet nogefrot, wéi eng Tipps fir den Alldag et gëtt. 

25/05/2022 Wann de Stroum d'Sue frësst (Internet)

Och wann et engem Bléck an d'Glaskugel gläicht, schéngt et net ganz wäit hiergeholl dovun auszegoen, dat d'Stroumpräisser an nächster Zäit klammen. De Fall gesat, ginn et eng ganz Partie elektronesch Apparater am Stot, op déi een theoretesch ganz oder zu engem gudden Deel verzichte kéint, sief et de Mixxer, d'Mikrowell, den Toaster, d'Spullmaschinn oder den Trockner. D'Sarah Juchems vun der Klima-Agence mengt allerdéngs, datt et dem Portmonnie méi bréngt, sech op déi sougenannte Stroumfrësser ze konzentréieren.

Sarah Juchems: "Dat si virun allem déi Geräter, déi wärend deem ganze Joer 24 Stonnen op 24 lafen, do schwätze mer vun engem Frigo oder engem Tifküler. Op déi Geräter sollt een wierklech de Fokus drop setzen. Awer och op déi Geräter, déi manner lafen awer wou ee weess, datt se een héije Stroumverbrauch hunn, wéi eng Klimaanlag oder ee Whirlpool."

Wann een e Weier am Gaart huet, kann och déi entspriechend Waasserpompel vill Stroum verbrauchen. Wärend een op Klimaanlag, Whirlpool a Waasserpompel verzichte kann, ass dat beim Tifküler an dem Frigo méi schwéier, mee och hei kann ee Stroum spueren.

Sarah Juchems: "Et ass beispillsweis wichteg, datt een den Tifküler reegelméisseg entdeet, well dat Äis wat dran ass, och Energie verbraucht. Et kann een awer och kontrolléieren, ob déi Temperaturen, déi een agestallt huet, gerechtfäerdegt sinn. Beim Tifküler muss et net méi kal wéi minus 17 bis minus 18 Grad sinn. Och de Frigo muss net op 3 oder 4 Grad agestallt sinn, wann een en op 5 oder 6 Grad stoen huet, mécht dat och well een Ënnerscheed."

Fir de Stroumverbrauch vun engem bestëmmten Apparat genee ze moossen, kann een e Wattmeter benotzen. Dësen gëtt wärend engem bis zwee Deeg tëscht den Apparat an d'Steckdous geschalt, mat Hëllef vun deenen Donnée kann een dann de Joresverbrauch berechnen. Bei Apparater, déi méi al wéi 15 Joer sinn, misst een sech d'Fro stellen, ob een dës no a no duerch neier ersetzt, jee no Gemeng ginn et dofir Primmen. Bei de Luuchte gëtt  recommandéiert, déi al Biere géint LEDen auszetauschen. Ee weideren Tipp ass, elektronesch Apparater net am Standby-Modus ze loossen, hei hu Steckerleeschte mat Knäppchen de Virdeel, datt een net all Kabel eenzel erauszéie muss. Wéi vill Suen een duerch all dës Mesuren konkret spuere kann, wier schwéier ze soen, dat géing vum initiale Stroumverbrauch vum jeeweilege Stot ofhänken.

D'Klima-Agence bitt och eng Energieberodung un. D'Sarah Juchems erkläert, dat déi sech net just op de Stroumverbrauch limitéiert.

Sarah Juchems: "Et geet och ëm d'Hetzen, dat heescht all déi Themen, déi mir ofdecken hunn mat deem Beräich ze dinn, sief et d'Isolatiounsmesure bei der Renovatioun vu mengem Haus awer och de nohaltegen Neibau. Mir beroden d'Leit och bei techneschen Installatiounen, beispillsweis wann se hir Heizung auswiesselen oder eng Photovoltaikanlag installéiere wëllen. Mir decken och de Beräich vun der nohalteger Mobilitéit of. D'Elektromobilitéit kënnt ëmmer méi op, dowéinst ginn ëmmer méi Froen zu den Autoe selwer awer och zu de Borne gestallt."

Interesséiert Persoune kënnen d'Klima-Agence ënnert der Hotline 80 02 11 90 oder iwwert hiren Internetsite kontaktéieren.