Fir den RTL Reporter vun haut ware mir mat de Stroossenengelen ënnerwee déi well zanter 2018 aktiv sinn.

Hinne geet et drëms, deene Leit ënnert d'Äerm ze gräifen déi finanziell net méi iwwert d'Ronne kommen. An dat geet vun aarme Leit iwwer elengerzéiend Elteren, eeler Leit mat klenge Rente bis hin zu Leit déi alles verluer hunn. De Luc Lauer, deen dës Asbl an d'Liewe geruff huet, ass well eng gutt Zäitchen um Terrain aktiv:
"D'nächst Joer ginn et 20 Joer, dass ech op der Strooss schaffen, ech hu bannent 15 Joer 13 Leit vun der Strooss geholl, si hunn e Sevrage gemaach, si hunn dunn eng Therapie gemaach an dono hunn ech se resozialiséiert a reintegréiert."

An esou ass d'Iddi vun de Stroossenengele schlussendlech entstanen. Haut ass et dann eng flott Ekipp déi direkt e puermol d'Woch am Asaz ass fir déi sougenannte Foodboxen, also eng Tut voll mat Liewensmëttel, zesummenzestellen an dann auszeliwweren. Hei schafft een da mat Partner zesummen, wéi d'Solange Schmit, Benevole bei der Asbl, erkläert:
"Aus der Banque Alimentaire kréie mir déi Saachen. An de Moie ware mer och nach op Kielen an den Delhaize, do hu mer dann och nach Brout kritt an och Lasagne fir an de Schäffchen a wa mer elo hei fäerdeg sinn, da fuere mir an de Pallcenter op Stengefort, do kréie mer och nach ganz vill."

Dono ass dunn un d'Ausliwwere gaangen an do ginn et da verschidden Tier am Land. Mir ware mat an de Süde wou direkt e puer Famillen dat néidegst u Liewensmëttel geliwwert kruten. Ma hei freet ee sech net nëmmen op d'Foodbox wéi eis dës Madamm erzielt huet:
"Also ech si ganz, ganz zefridden. Ech géing och elo ni de Contraire soen, si sinn ëmmer sou léif, ganz fein an ech hu si immens gär."

Nieft dem Verdeele vu Liewensmëttel, gëtt sech awer och Zäit geholl fir e bëssi ze schnëssen an ze kucke wéi et de Leit geet. An do kritt een sou Munches mat, ënnert anerem och dat wat hei am Land vun administrativer Säit net ëmmer ronn leeft. Wéi och beim Pascal Müller a senger Famill déi mir doheem besicht hunn. Hie koum op Lëtzebuerg fir sech ze bestueden an huet hei krampfhaft probéiert eng Aarbecht ze fannen. Dëst war awer extrem schwéier well hie kee Franséisch kann. An Tëschenzäit kann hien aus gesondheetleche Grënn och net méi schaffe goen a genee do läit, him no, de Problem:
"Ich habe Schwerbehindertengeld beantragt, wurde abgelehnt. Aber auf der anderen Seite wiederum wurde vom Amtsarzt bestätigt, dass ich nicht arbeiten kann. Ja, und was soll ich jetzt tun? Einspruch erheben."

An do waart een dann elo op eng Äntwert well d'Famill fillt sech aktuell wéi an enger Sakgaass. Hei probéieren d'Stroossenengelen dann, esou wéi op villen anere Plaze wou Leit vu Schicksalsschléi betraff sinn, esou gutt wéi méiglech ze hëllefen. Dat ganzt op fräiwëlleger Basis natierlech!