Et gëtt verschidden Saachen do riet een sech an dass et gesond ass. Mä ass dat elo wéinst der Faarf, dem battere Goût oder well dat schonn zanter ëmmer vun doheem iwwerliwwert gouf. Den Dr Marc Keipes, Direkter aus dem ZithaGesondheetszenter op der Gare geet de Saachen op de Fong an ënnermauert dat mat Etüden déi gemaach goufen. An déi hei erënnert staark un d'Vakanz?

An dëser Etüd ass et drëms gaangen ze kucken, wat de Gebrauch vun Olivenueleg op d'Gesondheet kënnt bréngen. Dat waren méi wéi 90.000 Leit, déi waren an der Moyenne 56 Joer al, a se sinn wärend 28 Joer suivéiert ginn. Klasséiert goufen se jee nodeem wéi vill Gramm Olivenueleg se pro Dag gebraucht hunn. Also vun deenen déi es am mannsten gebraucht hunn, bis zu deenen déi es am Meeschte gebraucht hunn.

25-05-2022 Gesondheetstipp Dr Marc Keipes - Olivenueleg an d'Gesondheet

Kann den italienesche Restaurant dann elo opootmen, wann en d'Fläsch mam Olivenueleg op den Dësch setzt. Ass et eng Zort Medezin?

Setzt elo net all direkt d'Fläsch mam Olivenueleg un fir drun ze nuckelen. Et goung net drëm fir Oliven on top zou sech ze huelen, mä aner Fetter eben doduercher zersetzen. Also Margarine, Botter oder Mayonnaise. Bei 7gr Olivenueleg pro Dag, reduzéiert een där Etüd no d'Gesamtmortalitéit ëm 19%. Net nëmmen manner cardio-vasculaire Erkrankungen goufen fonnt, mä och manner Kriibserkrankungen. Sinn dat elo déi "Polyphenolen" déi an den Oliven sinn, oder ass et dat manner gesiedegt Fett wat een dann zou sech geholl huet, also rëm Margarine et Cie. Et ass net 100% kloer wat d'Ursaach ass, oder op et just eng Korrelatioun ass. Mä op alle Fall, wann Fetter, dann léiwer Olivenueleg fir gesond ze bleiwen.

25-05-2022 Gesondheetstipp Dr Marc Keipes - Olivenueleg hält gesond