Vun der Bellis Perennis, wéi d'Magréitchen am botanesche Fachvokabulaire genannt gëtt, goung schonn ëmmer eng gewëssen Aart Zauber aus. Dat Laténgescht Wuert heescht och "éiweg Schéinheet". D'Maßliebchen, Tausendschön, Monatsröserl oder schwäizeresch Margritli genannt, war bei griicheschen oder sumeresche Gëtter scho viru Joerdausenden e Symbol vum sexuelle Verlaangen an och mat der Sonn gouf se schonn ëmmer a Verbindung bruecht, Michèle Schons?

07/06/2022 Margréitchen - Liibesorakel an Heelplanz

Mat hirem heliotrope Verhalen, dass de Bléiekuerf sech ëmmer der Sonn no dréit an an der Nuecht zou geet, an der englescher Iwwersetzung Daisy, vun "day's eye" confirméiert se den urale symboleschen Zesummenhang. An d'Däitschland ass "d'Gänseblümchen" doriwwer eraus eng Aart Liibesorakel, fir d'Spillchen - "en ass frou mat mer oder en ass et net". D'Margréitchen wiisst op Wise, Felder an u Borde vum Wee. D'Krautkind, de Marius Sinn, dee kennt se ganz genee:

Eine super Pflanze, die normalerweise jeder im eigenen Garten, im Rasen finden kann. Sie bildet Blattrosetten, wie wir vom Feldsalat kennen, der Blütenstängel ist leicht behaart und trägt keine Blätter.

RTL

© pixabay

Ënnert der wäisser Kolrettchen kënnen d'Blieder och nach liicht rout bis purpur sinn, wat een Nuets gutt gesäit, iert de Poufank schléit. An der Mëtt, e sonnegielt Häerzstéck. Hire Goût: änlech wéi Mauséiercherszalot, och liicht nosseg. Jonk Blieder si besonnesch mëll an d'Bléien hunn en Hauch vu Kamille. Nach zoue Knospe si liicht sauer.  

Das ganze Gänseblümchen ist essbar. Blätter, Knospen und Blüten. Sei es als Salat, der wie ein Feldsalat mit dem Messer gestochen wird, draussen grob von der Erde gereinigt wird, in der Küche nochmals unter lauwarmem Wasser abgespült wird und dann hat man ein Feldsalat. Es eignet sich als Zutat oder essbare Dekoration zu pikanten und süßen Speisen. Roh auch in Aufstrichen, Kräutertopfen oder gekocht in Gemüsegerichten wie Suppe oder Spinat. Eingelegt in Essig kann es auch als Kapernersatz dienen. Gänseblümchen können auch als Dekoration in Getränken wie z.B. Wasser oder Smoothies verwendet werden. Besonders hübsch als Blüten-Eiswürfel. Getrocknet verwendet man das Gänseblümchen auch für Teemischungen.

RTL

© pixabay

Nieft de ville schéine Bedeitungen déi der Margréitchen zougesprach ginn, huet se och Heelwierkungen, deenen een hautdesdaags leider nëmme wéineg Opmierksamkeet schenkt. Dowéinst ass se se net manner wäertvoll an interessant:

Das Gänseblümchen beinhaltet u.a. die Mineralstoffe Kalium, Kalzium, Eisen und Magnesium sowie Vitamin C und sekundäre Pflanzenstoffe wie Saponine, Gerbstoffe und Flavonoide. Gänseblümchen enthalten zudem Inulin. Dieser Ballaststoff wirkt verdauungsfördernd.

D'Magréitchen ass eng Iwwerliewenskënschtlerin, egal vill wéi op se getrëppelt gëtt, si riicht sech ëmmer nees op a streckt hire Käppchen an d'Sonn.

RTL

© pixabay

RTL

© Marius Sinn - www.krautkind.de

Wann een d'Planze bis kennt, dann ass een och méi engagéiert fir se ze schützen. Esou soll een och ëmmer just e klengen Deel recoltéieren an der Natur nach vill stoe loossen. Ëmsou méi räich beschenkt se eis dann och ëmmer erëm.