Bei Uebstbaueren ass d'Drauwekiischt net gäre gesinn, well se heiansdo vun der Spanne-Matt massiv befall ass, an den Iertum, dass déi op d'Uebstbeem iwwergeet, relativ wäit verbreet ass. Wann een alen Iwwerliwwerunge gleeft, sollen ofgeschnidden Äscht Maus a Maulef verdreiwen, manner duerch Hexerei, ma méi wéinst dem Geroch deen dat vum ofgeschniddenen Holz ausgeet. Ma d'Drauwekiischt kann een nach op vill aner Manéieren notze, Michèle Schons?      

12/07/2022 Drauwekiischt - Weder Drauf nach Kiischt, mä Promm

Well déi donkelrout bis schwaarz Friichte wéi eng Drauf vum Strauch erofhänken a wéi kleng Kiischten ausgesinn, huet se de passenden Numm kritt. Si gëtt bei eisen däitschen Noperen och nach Sumpfkirsche, Kitschbaum, oder Ahlkirsche genannt an d'Planz gehéiert zur selwechter Famill wéi eng Promm, dofir de botaneschen Numm Prunus Padus. Ganz gäre wiisst d'Vullekiischt um Bord vum Waasser, entweder als Bam oder als Strauch an huet elo nees den Interessi waakreg gerëselt, besonnesch zanter et Iwwerschwemmunge ginn. D'Krautkind Marius Sinn erkläert:

Die Traubenkirsche hat jetzt wieder das Interesse geweckt, besonders seitdem wir Überschwemmungen haben. Sie wächst sehr schnell und verwurzelt die Erde relativ dicht und tief. Es ist eine Pflanze die oft am Ufer als Dammbefestigung eingepflanzt wird. Natürlich ist das Holz, ein Kirschholz sehr wertvoll weil man schöne Möbel draus herstellen kann.

RTL

© pixabay

Fréier gouf d'Drauwekiischt och an der Heilkunde genotzt, d'Fruuchtfleesch gouf bei Féiwer a Rheuma verwent, an aus der Schuel vum Bam huet een Téi fir Hauterkrankungen an Ekzema gemaach. Haut gëtt d'Planz just nach an der Homeopathie als schwaach Potenzéierung genotzt. Blieder a Bléie kann een als Téi verwenden, wat änlech wéi Battermandel schmaacht. Bléie mat Zocker kandéiert, schmaachen de Kanner oder an eng Crêpe mat agebak. Si gëtt och fir alkoholescht Gedrénks genotzt.

Die Traubenkirsche ist sehr lecker, vom Geschmack her sind die Traubenkirschen anfangs leicht säuerlich, und dann immer süsslicher, fruchtiger, die fangen jetzt gerade an reif zu werden. Allerdings ist zu erwähnen, dass dieses Bittermandel Aroma nichts anderes als Blausäureglykoside ist - Sichwort Blausäure. Das ist so ein problematischer Inhaltsstoff, den wir in den meisten Kernen von Prunus-Obstarten vorfinden, wie der Mirabelle, Kirsche, auch in Apfelkernen. Deshalb sollte man damit nicht übertreiben.     

RTL

© Marius Sinn

RTL

© Marius Sinn

Déi etlech schéi filigran Bléie sinn eng wichteg Nahrungsquell fir Insekten an doduerch dass d'Friichten am Summer räifen och Nahrung fir Vigel. Aus de Kiischte kann och en Esseg gemaach ginn, an aus dem Som vun de Kären, kann ee Mous maachen, wat als Aroma oder Gewürz a Richtung Battermandel genotzt ka ginn.

RTL

© pixabay

RTL