Se heeschen Pankratius, Servatius, Bonifatius, Mamertus a Kaalt Sophie, an zielen zu deenen Hellegen, déi d'Hobbygäertner an der Zäit ugebiet hunn. An och nach haut falen hier Nimm all Joer wann et drëms geet ofzewaarden bis dat gutt Wieder sech stabiliséiert huet. Eisen Gaardenexpert Jeannot Lacour mengt et soll een d'Rechnung net ouni si maachen.

Lo hate mer alleguerten geduecht mir géifen laanscht déi Äishelleg kommen. Mä wéi et schéngt jo net, well haut den Owend gëtt et richteg kal, d'Äishelleg kommen, mat grousser Verspéidung. Mir sinn Enn Mee, se sollten ëmmer sou ëm Mëtt Mee kommen, mä dat ass elo näischt Aussergewéinleches, dat kënnt emol schonn vir. Mä well dës Nuecht jo plazeweis Buedemfrascht gemellt ass, dofir muss ee ganz, ganz gutt oppassen, wat een dobaussen stoen huet, a wat och kee Frascht verdréit. Zum Beispill d'Summerblummen. Do hunn ech Petunien, Geranien, dat sinn elo d'Klassiker. Hunn ech déi dobaussen stoen, muss ech déi onbedéngt zoudecken oder eranhuelen.

28-05-2022 Gaardentipps - Jeannot Lacour - Äishelleg mat Verspéidung

A wat fir d'Blummen gëllt, ass beim Geméis net vill aneschter.

Tomaten, Auberginen, Cornichongen asw, dat muss ech kucken, dass ech dat ënnerdaach kréien, oder wann dat net méiglech ass, dann zoudecken. Well dës Nuecht ass, plazeweis Buedemfrascht gemellt. Et sollt een och elo net spekuléieren, bei mir kënnt souwisou kee Buedemfrascht, well dann kënnt een emol eng béis Iwwerraschung kréien. Et soll een den Owend schonn wierklech virgesinn fir déi Planzen ze schützen, oder ënnerdaach ze huelen, fir dass een natierlech déi Aarbecht déi een do investéiert huet an déi Planzen elo, och net ëmsoss war.

28-05-2022 Gaardentipps - Jeannot Lacour - Geméis zoudecken