Mir hunn ëmmer mol Deeg wou mir net esou gutt schlofen. Dofir siche mer dann och Erklärungen, wéi z.B. de Vollmound oder iergendeppes, dat eis den Dag iwwer genervt huet. Enger rezenter Ëmfro no, kann een elo an Zukunft och dem Wochendag d'Schold ginn, Jeff Rossler.

31052022 Schlecht geschlof (Internet)

De Meenungsfuerschungsinstitut "Yougov" huet mat der Meditatiounsapp "Calm" iwwer 4000 US-Amerikaner a Britte befrot, wéini se dann elo am schlechtste schlofen. D'Resultat ass eendeiteg: De Sonnden. Ronn 46% vun de Leit hunn uginn, dass se do déi meeschte Problemer hu fir an d'Land vun den Dreem ze fannen. Domadder ass de Sonnde wäit virum zum Zweetplacéierten, an zwar de Méinden mat 17%. Dat ass elo net immens iwwerraschend: De Weekend ass e Killer fir eise Schlofrhythmus. Well mir den Dag drop net méi fréi opstoe musse, gi mir méi laang raus a bleiwe méi laang leien. De Sonnde dann nees mat Zäiten an d'Bett ass fir de Kierper dann nees ongewinnt an et wonnert ee sech firwat een net schlofe kann, wat d'Situatioun just nach méi nerveg mécht.

Dozou kënnt nach, dass mer de Weekend gären den een oder anere Patt huelen an den Alkohol ass schlecht wann ee gutt schlofe wëll. Da maache sech och vill Mënsche vill Gedanke wat déi nächst Woch op der Schaff op si wäert duerkommen an et setzt ee sech domadder just nach méi ënner Stress. Am beschten dofir mam Alkohol lues maachen a säi Schlofrhythmus de Weekend net massiv veränneren. Eng Stonn méi spéit schlofe goen, sollt do kee Problem sinn, awer wat et méi Stonne ginn, wat et méi schwéier gëtt fir de Weekend-Jetlag an de Grëff ze kréien.

Den Donneschden par konter wier den Dag, wou mir am beschte schlofen, do hu just 5% vun de befrote Leit gesot, dass se Problemer hätten. Do wier dann eis Schlof-Routinn nees do, well mir e puer Deeg hannerteneen méi gereegelt schlofen an opstinn.

D'Aussiicht op de Weekend ass bestëmmt och jo e positive Faktor. Ma et soll ee vu lauter Freed säi gudde Schlof net aus den Ae verléieren, well soss geet Sonndesowes nees den Däiwelskrees vun net kënnen aschlofe bis zum schlechte Schlofen vu vir un.