Lëtzebuerg ass esou kleng, dass et op méi grousse Kaarte gäre mol iwwersi gëtt. Et brauch een och net alt ze laang fir eng Kéier duerch d'Land ze kommen. Déi 4 Schüler Francesco Bordignon, Claude Marx, Mike Anen an de Lucas Brito vum Lycée Technique Lalleng hunn dofir hir Wanderschong ugedoen a sech fir dëse Samschden en Challenge gesat an dat souguer fir e gudden Zweck, wéi de Francesco eis zielt.

Francesco Bordignon: Walk4People ass e sportlecht Charity Event, bei deem mir eis den Challenge gesat hunn de 4. Juni 100km ënner 24 Stonnen duerch ganz Lëtzebuerg ze trëppelen. Mir spenden fir d'Fondation Cancer Luxembourg, déi sech d'Prioritéit setze kriibskranke Patienten ze hëllefen an hir Liewensqualitéit ze verbesseren. D'Streck ass vu Rëmeleng am Sportcenter bis op d'Schmëtt am Akafszentrum Knauf. De Link bei d'Streck fannt dir op eisem Facebook an Instagram Account "Walk4People".

Déi 4 Bouwen hu mat der Fondation Cancer och e Spendensite kreéiert, deen dir op de Social Media fannt. Dir kënnt déi ganz Aktioun awer och op eng aner Aart a Weis ënnerstëtzen, esou de Claude Marx.
Claude Marx: Dir kënnt de Projet mat enger Spend ënnerstëtzen oder Iech och sportlech mat bedeelegen, andeems Dir e klengt oder grousst Stéck mat trëppelt. De ganze Wee ass, wéi gesot, iwwert de Link opruffbar a wa mir zoufälleg duerch Är Géigend trëppelen, ass et e Gedanken wäert e puer Meter mat eis ze goen an eis mental bei dem Challenge ze ënnerstëtzen.

De Goal sinn 1500€ a se hu schonn iwwer 90% vun dësem Zil erreecht. Egal et finanziell oder mental Ënnerstëtzung ass, déi ganz Aktioun steet ënner engem Motto, Mike Anen.
Mike Anen: Eise Slogan beschreift dat ganz gutt "Together we are stronger". Op eisem Social Media, TikTok, Instagram, Facebook a YouTube sinn nach méi Informatiounen an Dir kënnt eis do och nach Froe stellen.

100km sinn zwar och e gutt Stéck, mee d'Jonge ginn do sécher och 100%.