Méiglechen Szenario. Et parkt ee säin Auto op engem Parking dee 'payant' ass, awer de Parkautomat geet net. Wat kann den Automobilist deen Ament maachen? Fir kee Protekoll ze kréien, muss een der Police jo beweisen, dass den Automat en Panne war. Dierf een deen Ament guer net do parken oder wat kann ee maachen? Den Affekot huet Jean-Jacques Schonckert huet d'Äntwerten.

02/06/2022 Fro den Affekot - Wat maachen wann de Parkautomat net geet

Jean-Jacques Schonckert: Do war dann den Usus en Ziedel dran ze leeën op deem sou eppes steet wéi "Apparat geht nicht" oder Änleches. Deemools ass gesot ginn, dass deen Ziedel net duer geet. Do gouf et schonn Urteeler déi soen, dass wann den Apparat an der Strooss X net geet, da muss ee bei den Nächste goen. Do ass och eng Rechtsspriechung komm, dat heescht déi Leit, déi just den Ziedel eragehäit hunn, si verurteelt ginn, och wann et just virum Police Geriicht war.

Dat war elo awer zu den Zäite, wou mir keen Handy dobäi haten. Mëttlerweil kann een dat anescht reegelen.
Jean-Jacques Schonckert: Elo ass et awer esou, dass d'Gemenge proaktiv sinn an bei de meeschte Gemenge kann een uruffen, wann eppes ass. Dann ass dat am Prinzip an der Rei, mee et muss een awer nach ëmmer den normalen Disk draleeën. Dat bedeit net, dass een de ganzen Dag do stoe kann, just well den Apparat net geet. Soss muss een déi 24€ Euro bezuelen.

Kann den Tarif an dësem Fall dann nach méi ginn, wéi e normale Parkingticket?
Jean-Jacques Schonckert: Wann ech op d'Geriicht kontestéiere ginn, do kann den Tarif op bis zu 250€ eropgoen. Dofir huet een heiansdo besser et bezilt een, mee heiansdo geet et effektiv ëm de Prinzip. Do ass et schonn derwäert fir ze streiden an do profitéiere och all déi aner dovun. Do ass eng Rechtssécherheet do. Dofir sinn och ons Riichter do, mee ech mengen all déi Services de Stationnement sinn an deem Sënn ganz flexibel.