Heiansdo kënnt et engem vir, wéi wann et méi einfach wier am Lotto op déi richteg Zuelen ze setzen wéi eng richteg Diagnose ze stellen. Et muss een wéi bei engem Detektiv all Indicen zesummen hunn, fir dass just nach eng Léisung iwwreg bleift déi een dann behandele kann. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet et haut mat sou engem komplizéierten Fall ze dinn, deen seng Zäit gebraucht huet.

An der Lescht huet de Batty, e kapitalen granzegen ale Kueder all Nuecht gehouscht wéi e fault Schof. Fir den Appartementskueder, dee ni erauskënnt koum eng Infektioun zum Beispill mam Kazeschnapp net a Fro. A well hien e ganz ongemiddelt Wiesen huet, hu mir hien fir eng Röntgen an d'Häerzënnersichung misse schlofe leeën. Op de Biller war ze gesinn, dass d'Häerz an der Rei war, mä seng Bronchen hu ferm irritéiert geschéngt.

02-06-2022 Déierentipp - Romi Roth - Kazenhouscht - Problem

Vläicht eng Allergie, kënnt een dann denken?

Grad Kazen reagéiere gär emol allergesch oder wéinstens iwwerempfindlech op vill Mëttelen aus dem Stot. Dem Batty seng Leit haten awer de rengste Bio-Stot. D'Wäsch gouf mat Esseg mëll gemaach, d'Miwwele just mat Dicher ofgewëscht, den Teppech nëmme mam Staubsauger traktéiert an de Buedem mat Essegwaasser a schwaarzer Seef gewäsch. Um Enn vun eisem Latäin hu mir dofir emol eng Visitt beim Kueder doheem gemaach. De Mëssel war du ganz séier fonnt. An der Toilette stoung e Plastik mat parfuméiertem Gel un deen de Metty wéi hypnotiséiert an engem Stéck schnoffele goung. Nodeems deen Toilettendeo fort gelooss gouf war dem ale Kueder säin Houscht eenzock fort.

02-06-2022 Déierentipp - Romi Roth - Kazenhouscht - Ursaach