"Jedem Tierchen sein Pläsierchen" seet een gären, awer alles wëll an dierf een den Hausdéieren dann och net zouloussen. Heiansdo gëtt et awer och Ursaachen duerfir dass se engem net just Freed bréngen mä och nach eng Grimmel Misär maachen a sech gelungen behuelen. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet haut vläicht e Fall deen Iech bekannt virkënnt?

07/06/2022 Déierentipp: D'Ursaach vum Coco sengem Grant

Den Kueder Coco war iwwerhaapt net gutt. Hien ass just nach fir e bëssen u säi Fudder lepsen ze goen aus sengem Kuerf erauskomm. Wéinst sengem Temperament an der Praxis scho laang gefaart wéi Fixfeier mä doheem ganz fein, war hien an der Lescht och vu senge Leit net méi aus ze hidden. Wéi hien och ugefaangen huet, komesch ze richen a Bluttspueren um Buedem hannerlooss huet, hu seng Leit hien endlech emol an d´Consultatioun bruecht. Strubbelvoll mat Pelzknätzelen, vun deene hien sech en Deel sécher scho selwer ofgefriess hat. Wouwéinst hien elo och ferm verstoppt war.

Wéi hätt een hien dann och solle kämmen, wann hien vu Grant gebass a gekraazt huet?

An der Praxis ass et och net ouni eng liicht Sedatioun gaangen. D'Haaptursaach vu sengem granzege Wiesen ass dunn ënnert de laange Knätzelen u senge Patten ze gesi gewiescht. Den aarmen ale Kueder hat vun 18 Krallen am ganzen der 8, déi esou verwues waren, dass si ëm d'Kéier duerch déi respektiv Coussineten gaangen sinn. Net nëmmen huet dat gëeetert a geblutt mä sécher och terribel wéi gedoe. Seng Leit hunn elo verstanen, firwat et ëmmer komesch geklongen huet, wann hien iwwer de Parquet gehippt koum. Fir de Rescht vu sengem Liewen wäerte si hien elo all puer Méint fir eng Mani- a Pedikür laascht bréngen.