Zanter dem 30. Mee leeft déi 3. Editioun vum Mount vun den Archiven. Haut ass zudeem vun 9:00 bis 17:00 Auer déi 11. Editioun vum Dag vun den Archivsten. De Marc Hoscheid huet sech duerch d'Pabeierbierger gekämpft an nogefrot, wéi en Aarbechtsalldag vun engem Archivist ausgesäit.

10/06/2022 An den Archive gemoschtert (Internet) 1

Archive sinn Deel vum kollektive Gediechtnes vun all Gesellschaft, och wann dee gréissten Deel vun der Populatioun se wuel ee gudde Krack manner notzt ewéi e kéint. Dëst wuel och, well vill Leit sech guer net bewosst sinn, wéi eng verschidden Archiven et iwwerhaapt esou gëtt. Zanter 2014 regroupéiert zu Lëtzebuerg de VLA, de Veräin vun de Lëtzebuerger Archivisten, déi wichtegst Acteuren aus dësem Beräich. De VLA huet ronn 100 Memberen, de Gros dovun si forméiert Archivisten, awer och Institutioune gehéieren dozou. D'VLA-Presidentin Corinne Schroeder beschreift d'Haaptaufgabe vum Veräin.

Corinne Schroeder: "Et geet éischtens mol drëm fir d'Archivwiesen hei zu Lëtzebuerg ze promouvéieren, drop opmierksam ze maache firwat et do ass an aus wat dee Beruff besteet. Mir probéieren och d' Prinzippie vum internationalen Archivrot, dem ICA, hei zu Lëtzebuerg ze diffuséieren an ze promouvéieren. A mir hëllefen eise Membere bei der Ausübung vun hire professionellen Aktivitéiten."

De VLA setzt sech och fir d'Aus- a Weiderbildung vu senge Memberen an. Fir dem breede Public d'Aarbecht vum Archivist méi no ze bréngen, gëtt wärend deem ganze Juni an nach bis de 7. Juli inclus déi drëtt Editioun vum Mois des archives mat enger Abberzuel vu Manifestatiounen queesch uechter d'Land organiséiert. D'Journée des archivistes, déi haut am CNA zu Diddeleng organiséiert gëtt, riicht sech dogéint éischter un d'Leit aus dem Metier. Dëst Joer steet den Dag ganz am Zeeche vun der elektronescher Archivéierung. Déi séier Entwécklung an dësem Beräich huet d'Aarbecht vum Archivist an de leschte Jore vill méi komplex gemaach, wéi d'Corinne Schroeder erkläert.

Corinne Schroeder: "D'Mass vun den Dokumenter déi produzéiert ginn, ass beträchtlech erop gaangen. Dat setzt viraus, datt den Archivist scho bei der Kreatioun vum Dokument derbäi ass an direkt do intervenéiere kann. Dat heescht den Archivist gëtt am Fong zu engem Informatiounsmanager."

Et stellt sech virun allem d'Fro vum Stockage vun esou Dokumenter, souwuel op kuerz mee virun allem op laang Dauer. Hei géing et un deenen néidege Kapazitéite feelen. Och d'Erfaassen vun den Dokumenter, den optimalen Zougank fir Fuerscher an de breede Public souwéi d'Froen nom Dateschutz an den Droits d'auteur wieren Erausfuerderungen fir d'Zukunft. D'Corinne Schroeder ass sech sécher, datt dat "klassescht" Archiv mat Dokumenter aus Pabeier nach eng gutt Zäit wäert erhale bleiwen. Engersäits well et Onkloerheeten iwwert dee rechtleche Statut vu reng digitalen Dokumenter gëtt an anerersäits well grad historesch Dokumenter ee Wäert u sech hunn.

Wien de Beruff vum Archivist léiere wëll, kann am Ausland ënnert verschiddene Studiegäng wielen. Am Virfeld kann  ee sech op e puer Plazen informéieren.

Corinne Schroeder: "Ech wëll drop opmierksam maachen, datt mer eng Studentenassociatioun hunn, d'Jonk BAD. Do kann een uklappen, wann ee sech fir dee Studiegang interesséiert. Et sinn am Moment verschidden Archivisten an der Ausbildungsphas. Et kann een awer och um Internetsite vun der Maison de l'orientation verschidde Videoe kucken, déi een Abléck an d'Liewe vum Archivist ginn."

Zu Lëtzebuerg kann ee sech aktuell nach net zum Archivist ausbilde loossen, et lafen awer Iwwerleeunge fir een entspriechende Studiegang op der Uni Lëtzebuerg anzeriichten.