D'Bewältegung vun der duebeler Kris - dem Verloscht vun der biologescher Diversitéit an dem Klimawandel, ass eng vun de wichtegsten Erausfuerderungen där d'Mënschheet sech am 21. Joerhonnert stelle muss. De Programm "Vanishing Treasures" setzt sech fir d'Erhale vun dräi ikonesche Biergdéieren-Aarten an, déi duerch de Klimawandel a Gefor sinn: De Kinnekstiger am Bhutan, de Bierggorilla am Rhuanda an Uganda an de Schnéileopard an Zentralasien. De Biodiversum zu Rëmerschen mécht haut d'Diere fir eng interessant Expo op, déi en Abléck an den UNEP Projet liwwert, Michèle Schons?

24/06/2022 Vanishing Treasures - De Schnéileopard

An dofir stelle mer iech déi dräi Déieren och méi genee vir, ugefaange mam Schnéileopard, déi klengsten an och seelenst vun de sougenannte Grousskaze vun der Welt. De Schnéileopard ka bis 54kg schwéier ginn an 130 cm laang sinn, vu Kapp bis Schwanz, woubäi de Schwanz esou laang wéi de Kierper ass, wat hinnen hëlleft am géie Bierg d'Balance ze halen. De Matthias Jurek, Programm Manager vu "Vanishing Treasures" vum United Nations Environment Programm:

Schneeleoparden bewohnen von Natur aus Hochgebiete in ganz Asien. Von den Bergen Zentralasiens im Westen, bis zum Himalaya im Osten. Die geschätzte Population, die in freier Wildbahn lebenden Tieren, beträgt nur 3500 bis 7000 Spezien, von denen etwa 430 in den Vanishing Treasures Projektländern Kirgistan und Tadschikistan leben. In den Bergen fügt sich ihr dickes, gräulich geflecktes Fell perfekt in die felsigen Hänge ein und macht sie praktisch unsichtbar, was ihnen hilft ihre Beute aufzulocken; wilde Argalischafe, Steinböcke und Murmeltiere.

RTL

© ANCOT@tajwildlife

   

Wärend de Schnéileopard am Kirgistan an Tadschikistan vun der breeder Ëffentlechkeet an der Gemeinschaft am allgemenge gutt respektéiert, a souguer veréiert gëtt, ass säi Bestand an d'Vulnerabilitéit vu sengem Liewensraum, besonnesch duerch de Klimachangement, nëmme begrenzt bekannt:

Die wilden Schafe und Ziegen, die die Hauptbeute des Schneeleoparden sind, gehen aufgrund von Wilderei und Konkurrenz um die Weide, bei zunehmender Zahl von Nutztieren, der Hauptquelle des Lebensunterhalt in den Berggemeinden, zurück. Steigende Temperaturen führen zur Veränderung der Schneeschmelze und des Gletscherabflusses, was zu einem hohen Risiko für Dürren in niedrigen und mittleren Höhenlagen und zu Wasserknappheit für Tiere und Pflanzen führt. Das Vieh ist gezwungen auf höheren Ebnen zu grasen, was die Interaktion mit Schneeleoparden und wilder Beute verstärkt.

RTL

© T.Rosen Ilbirs UNEP

D'Strategie vu Vanishing Treasures ass et - Léisungen z'identifizéieren an ze teste, fir déi gläichzäiteg d'Resistenz vu wëllen Déieren a Rudelen an de Bierger, vis-a-vis vum Klimawandel eropschrauwen. 

Durch die Bereitstellung ökosystembasierter alternativen Lebensgrundlagen, wie Binnenzucht, Obstanbau und Ökotourismus, diversifizieren wir die Einkommensquellen der Gemeinden und verringern ihre Abhängigkeit von Nutztieren. Dies erhöht ihre Widerstandsfähigkeit gegenüber dem Klimawandel und kann gleichzeitig den Druck in den Bergen verringern, damit sich degeneriertes Weideland regenerieren kann.

Doriwwer eraus ginn och Gemeinschafts-baséiert Schutzgebidder ageriicht, fir d'Juegd ze reduzéieren a Weedeflächen ze bewirtschaften an d'Resistenz vun natierlechen Ökosystemer par Rapport zum Klimawandel erëm hierzestellen. Fir ze verhënneren dass d'Schnéileoparden d'Véi friessen, gi Revéier agedeelt a mat Drot oder Clôturë befestegt. Des Mossname ginn evaluéiert an a Pläng fir Landwirtschaft an aner lokal national a regional Politicken opgeholl.     

RTL

© T.Rosen Ilbirs UNEP

RTL

© Vanishing Treasures