Eisen RTL-Reporter war de moien op der Déierestatioun zu Diddeleng a mir konnten e gudden Abléck an d'Aarbecht vun de Ekippe vun natur&ëmwelt kréien, déi sech hei ëm blesséiert an ausgesate wëll Déieren këmmeren.

04/07/2022 Impressioune vun engem Dag an der Opfänkstatioun

Ob Dauf, Fuuss oder Kéisecker, an der Opfänkstatioun zu Diddeleng gëtt sech ëm all Zorte vu wëllen Déiere gekëmmert. Nieft deenen "übleche Verdächtegen" ass een awer och mat enger ëmmer méi héicher Zuel un Déieren konfrontéiert, déi zu Lëtzebuerg normalerweis guer net an der fräier Natur virkommen, wéi d'Jill Gaasch, Direktesch vun der Opfänkstatioun, erkläert.

Jill Gaasch: "Mir huele säit enger Zäit och all Méigleches un Exoten un, wéi zum Beispill ee Chameleon oder och Schlaangen a Papageien. Dofir gëtt et zu Lëtzebuerg am Fong keen Asyl, mee et halen awer ëmmer méi Leit sou Déieren doheem."

Wéinst där viller Aarbecht ass een an der Fleegestatioun op d'Hëllef vu benevole Mataarbechter ugewisen. D'Corona-Pandemie huet de fräiwëllegen Engagement an de leschten zwee Joer awer extrem erschwéiert. Dat bedauert d'Jill Gaasch, et gëtt nämlech genuch ze dinn.

Jill Gaasch: "Mir si wierklech op Benevollen ugewisen fir besonnesch am Fréijoer an am Summer all d'Déieren ze verfleegen. Dann hu mer och de Wëlldéierentaxi, dat heescht et kann een Déieren entweder direkt op Diddeleng an Fleegestatioun bréngen oder mir hunn och sougenannten Drop-Off-Statiounen zu Jonglënster, Nidderfeelen a Klierf. Do kann een en Déier ofginn a Benevole vun eis bréngen et dann op Diddeleng."

Grad an dëser Zäit vum Joer fënnt een am Bësch vill kleng Villercher um Buedem. Dobäi ass oft net kloer, ob et sech ëm ee sougenannten Nesthocker oder een Nestflüchter handelt. Wann ee sech net sécher ass, ob de Villchen aus dem Nest gefall ass, oder et sech em een Nestflüchter handelt, freet ee besser bei der Opfänkstatioun no.

Jill Gaasch: "Et ass eng relativ wichteg Etapp an hirer Entwécklung. Dat ass eben och oft déi Etapp, wou mir ëfters Uriff vun de Leit kréien well si de Villchen um Buedem fannen an der Meenung sinn, datt en net méi ka fléien, mee u sech kann dee just nach net richteg fléien. An deem Fall soll een en effektiv setze loosse well d'Elteren nach do sinn an en nach versuergen."

RTL

© Marc Hoscheid/RTL

RTL

© Marc Hoscheid/RTL

RTL

© Marc Hoscheid/RTL

RTL

© Marc Hoscheid/RTL