Den Owend um 21h20 geet de Fakelzuch beim roude Pëtz fort, an féiert duerch de Gruef, d'rue Notre Dame, laanscht den aale Kolléisch bis bei d'Tribün um Boulevard F. D. Roosevelt wou dee Moment och déi groussherzoglech Famill sëtzt. Nach sinn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse awer am schéine Kiischpelt an d'Feierlechkeeten do hunn schonn ugefangen, Sabrina Backes.

22/06/2022 Virowend vun Nationalfeierdag; am Kischpelt