De Pride Month ass elo zwar eriwwer, mee zu Lëtzebuerg feiere mir offiziell u sech eréischt elo esou richteg an zwar mat der Pride Week. Engersäits gëtt de Leit d'Queer-Kultur méi no bruecht, anerersäits ginn op déi gesellschaftlech Fuerderungen vun der LGBTQIA+ Community opmierksam gemaach. Wat Iech dës Woch dann erwaart, weess de Jeff Rossler.

01/07/2022 Lëtzebuerger Pride Week (Internet)

Lass geet et mam Queer Arts Festival, vum 1.-3. Juli wou d'Aarbecht vun enger Rei queer Kënschtler*inne presentéiert gëtt. De 4. Juli ass eng Gedenkfeier fir den Affer vun Haassgewalt ze gedenken, déi mat engem nawell besonneschen Event gekoppelt ass, esou den Andy Maar, Koordinator vun der Luxembourg Pride vu Rosa Lëtzebuerg.

Andy Maar: Dëst Joer si mir ganz besonnesch houfreg, dat de Konschtprojet "Amsterdam Rainbow Dress" op Lëtzebuerg kënnt a wou kee Geréngerte wéi den Edsun doranner wärend der Zeremonie Live performe wäert. Dem Highlight dierft wuel awer d'Stroossefest vun Samschdes den 9. a Sonnden den 10. Juli sinn. 2 Deeg hannerteneen hu mir op der Escher Stadhausplaz eng sëllege Concerte mat den Headliner Chaild, Edsun an Boy George & Culture Club.

Gréisstendeels héiert ee vum Juni als Pride Month. Fir verschiddener kéint et vläicht iwwerraschend kléngen, dass een dat och am Juli feiert.

Andy Maar: An Europa gouf et wärend de leschten 30-50 Joer ëmmer ënnerschiddlech Datumer. Dat huet domadder ze dinn, dass een net ëmmer de Wonschdatum kritt huet, fir esou en Event, mee och well een de Pride Evenementer an den anere Stied keng Konkurrenz maache wollt. Et dierf een net vergiessen, datt eng Pride och ëmmer e gesellschaftspoliteschen Hannergrond huet an een dorobber ugewisen ass, datt méiglechst vill Leit, zemools Politiker*innen, d'Fuerderunge vun der lokaler Community matkréie sollen.

Queerfrëndlech Evenementer ginn net nëmmen am Juli organiséiert, mee iwwer d'Joer verdeelt. Dat huet leider net ëmmer de flottsten Hannergrond.

Andy Maar: Aus soziokultureller Siicht ass et zu Lëtzebuerg besonnesch schwiereg well et kaum bis guer keng Safe Space ginn, dofir ass d'Community gezwongen am Joer eng ganz Rëtsch Aktivitéiten ze organiséieren, sief et Ausstellungen, Table ronden, Filmowenter, After Works, Drag Bingoen oder Partien. Aner bekannten Evenementer am Joer wären do z.B. den Drag against Aids, Bear Pride oder dat queert Summerfest vu Rosa Lëtzebuerg. Rosa Lëtzebuerg selwer bitt wärend dem Joer ganz vill verschidden Aktivitéiten un.