Elo mol Hand op d'Häerz: dot Dir nach Gezei mat richtegem Pelz un oder sidd Dir absolut dogéint?
D'Pelzindustrie, hei an Europa, ass op jiddefalls scho méi laang an der Kris. An de leschte Jore sinn effektiv vill Pelzfirme faillite gaangen an honnerte vu Marken hunn opgehale Pelz ze benotzen. Dat op Drock vun hire Cliente ma och vun Déiereschutzorganisatiounen, déi där Grausamkeet endlech wëllen en Enn setzen. An do well een dann elo och nach eng Nummer méi wäit goen. 

14/06/2022 Europäesch Biergerinitiative géint Pelzfarmen

Aktuell leeft dann och eng europäesch Biergerinitiative mam Numm "Fur Free Europe" bei där et drëms Pelzfarmen an de Pelzverkaf endlech ze verbidden. Esou Petitioune goufen et jo well eng Rutsch ma nach net op esou groussem Niveau. Wann een et fäerdeg bréngt a knapp engem Joer 1 Millioun gëlteg Ënnerschrëften uechtert Europa ze sammelen, da muss d'EU Kommissioun reagéieren an doriwwer debattéieren. Melanie Thill vum Deutschen Tierschutzverbund:
"All eenzele Vott ass also immens wichteg an zielt. D'Leit an Europa wëllen en Enn vun der Grausamkeet vun de Pelzfarmen an elo musse se dat och weisen. Mir hoffen, dass sou vill Leit wéi méiglech d'Geleeënheet notze sech kloer fir den Déiereschutz a géint de Pelz auszeschwätzen. Well, ganz riicht eraus gesot, et war nach ni esou einfach mat e puer Mausklicken eppes wierklech Historesches mat unzestoussen."

Bis ewell hu ronn 135 000 Leit ënnerschriwwen, dovunner awer réischt 80 aus Lëtzebuerg. Do ass deemno nach Sputt no uewen! An dobäi ginn et genuch Grënn déi géint esou eng Pelzproduktioun an den Handel schwätzen, ugefaange mam Déiereleed dat esou eng Produktioun mat sech bréngt:

"Näerzen, Fuussen, Wäschbieren oder Chinchillae si wëll Déieren an hu komplex Bedierfnisser. Dës kënnen net a Pelzfarmen erfëllt ginn. D'Déiere liewen hei an engem begrenzte Raum a klengen, kale Käfeger déi a laange Reien iwwert dem Buedem opgehaange sinn. Si leiden dowéinst oft ënnert infizéierte Wonnen, feelende Glidder, Selbstverstëmmelung a Kannibalismus. D'Hale vun Déiere fir hire Pelz verstéisst esou souguer géint déi einfachste Prinzippie vum Déiereschutz. Dofir kann ee soen, dass et eigentlech keng Begrënnung fir eng däraarteg Haltung vun a schlussendlech Ëmbrénge vun den Déiere just wéinst hirem Pelz gëtt."

Ofgesinn dovunner géingen esou Farmen och e grousse Risiko fir eis Gesondheet duerstellen. D'Pandemie hätt dat alt nees kloer gemaach.
"Wärend der Corona Pandemie sinn Ausbréch op honnerte vun europäeschen Näerzfarmen opgetrueden an nei Virusvariante goufe vu Pelzdéieren op Mënschen iwwerdroen a weiderverbreet. Déi infizéiert Déiere goufen dofir natierlech och an immensen Zuelen ëmbruecht."

Vum negativen Afloss op eis Ëmwelt duerch Emissiounen duerch benotzte Chemikalien an net fachgerecht entsuergte Déierekadaver mol guer net ze schwätzen.
Eng Partie grouss Moudemarke verzichten deemno well zanter enger Zäitchen op richtege Pelz well hier Clienten do net méi matzéien. Och verschidde Länner an der EU hu well op nationalem Niveau e Verbuet ausgeschwat, ma net nëmmen dat:
"Insgesamt 12 EU Länner hu viru kuerzem d'Europäesch Kommissioun opgeruff fir e permanente Verbuet vun der Déierenhaltung fir Pelzproduktioun an der EU ze ënnersichen an eng Gesetzespropositioun dofir ze maachen. Am Moment ass déi europäesch Kommissioun nämlech am Gaangen d'EU Déiereschutzgesetz ze iwwerschaffe wat natierlech eng gutt Geleeënheet ass fir déi Fuerderung duerchzesetzen an endlech e Verbuet, souwuel vun der Produktioun wéi och vum Verkaf vun Zuchtpelz ze erreechen."

Nach bis den 18. Mee 2023 hutt Dir Zäit dës europäesch Biergerinitiative ze ënnerstëtzen an NEE zu Pelzfarmen a Pelzverkaf ze soen. De Link fir déi Petitioun ze ënnerschreiwen, fannt Dir hei: