An de leschte Méint hu mir vill verschidde Serië virgestallt an dobäi ass een Theema ganz oft opkomm, nämlech d'Diversitéit. Dat bezitt sech awer net just op d'Hautfaarf oder d'Geschlecht, mä och op den Alter. Sou stinn eeler Semester mëttlerweil och a Serien am Mëttelpunkt.

30/06/2022 Série iwwer Sérien (Senioren an de Sérien)

Eeler Persoune ware bis elo seelen als Haaptprotagonisten a Serië present. Beispiller si Matlock, Mord ist ihr Hobby, Golden Girls, den Ed O’Neil alias Jay a Modern Family an natierlech Kult: den Jerry Stiller alias Arthur a King of Queens. Majoritär waren et awer Niewefiguren, déi häerzlech, léif, ustrengend oder „weise“ sinn. D'Al-ginn war awer quasi ni en Theema. Dëst huet awer elo mat zwou Netflix-Produktioune geännert.

Déi éischt heescht The Kominsky Method mam Michael Douglas. Hie spillt e Schauspiller-Coach, de Sandy Kominsky, deen an d’Jore komm ass an eng Kéier ganz kuerz als Schauspiller Erfolleg hat. Hien a säi beschte Kolleeg, säi laangjärege Manager, probéieren zu L.A., eng Stad, an där d’Jugend an d’Schéinheet primordial sinn, mam Liewen a mam Alter eenszeginn. D‘Éierlechkeet, d’Selbstironie, de schwaarzen Humor an de Sarkasmus stiechen an dëser Serie eraus. Duerch de Witz ginn déi schwéier Theeme wéi Kriibs, Verloscht, Doud, Sex am Alter etc. herrlech opgelackelt ouni datt se an d’Lächerlecht gezu ginn. D’Episoden daueren 22 Minutten, a mat 3 Staffelen ass se och ofgeschloss.

Dat zweet Netflix-Beispill ass Grace & Frankie: Mir hunn zwou Koppelen, mä d’Männer féiere scho laang eng geheim Bezéiung mateneen a wëllen dat net méi laang verstoppen, sou datt déi zwou eeler Dammen elo eleng do stinn an e bëssen noutgedrongen an enger WG zesumme wunnen. D’Grace, gespillt vum legendären Jane Fonda, ass eng etepetete-Bomi an d’Frankie ass e chaoteschen, exzentreschen Hippie a kifft och mol gär – en interessanten Duo.

Hei fënnt ee lo déi weiblech Perspektiv op den Alter, a wéi een als eeler Persoun an der Gesellschaft dacks als domm oder inkompetent ugesi gëtt oder einfach guer net méi gesi gëtt.

Den 29. Abrëll 2022 sinn no 7 Staffelen déi allerlescht Episoden erauskomm. Mat de 94 Follgen huet Grace&Frankie och de Rekord vun Netflix vun der Serie, déi am längste gelaf ass.

Vill Spaass beim Kucken.