Bei deene meeschte Leit baut de Kierper am Alter of, do sinn och d'An keng Ausnam. Sou kënnt et bei ville Leit zu enger Degeneratioun vun der Makula, wat am schlëmmste Fall dozou féiere kann, datt déi betraffe Persoun blann gëtt. Zanter Kuerzem gëtt et awer eng nei Therapie, déi ville Leit hëllefe kéint. De Marc Hoscheid huet d'Detailer nogefrot.

16/06/2022 Neien Duerchbléck fir al An (Internet)

Et gesäit een net méi sou schaarf, et huet ee Problemer Kontraster oder Faarwen ze erkennen oder d'An si méi empfindlech wann een an d'Luucht kuckt; dat sinn déi heefegst Symptomer vun der Makuladegeneratioun, enger degenerativer Erkrankung vun engem bestëmmten Deel vun der Netzhaut. Et ginn zwou Forme vun dëser Krankheet, déi fiicht an déi dréchen. Déi dréchen ass zwar manner geféierlech, dofir awer méi wäit verbreet, si mécht ronn 80 Prozent vun alle Fäll aus. Den Aendokter Marc Theischen erkläert, wat bei där dréchener Variant konkret geschitt.

Dr. Marc Theischen: "Do kënnt et zu Oflagerunge vu Stoffwiesselprodukter, déi net richteg entsuergt ginn a sech dann an der Netzhaut oflageren an do Zelle schiedegen. Déi Zelle kënnen ofstierwen, dat kann zu enger Atrophie féieren, well net méi genuch Zellen do sinn, déi nach funktionéieren."

Den Haaptfacteur fir eng Makuladegeneratioun ze kréien, ass den Alter. Dobäi kommen eng genetesch Virbelaaschtung an extern Facteuren wéi d'Fëmmen, eng ongesond Ernierung, héije Bluttdrock an de Fait, datt een oft ongeschützt an d'Sonn gekuckt huet. Eng gesond Liewensaart kann also zur Virbeugung bäidroen. Frae si méi oft betraff ewéi Männer, dat wier op hormonell Grënn zeréckzeféieren.

Géint déi fiicht Form ginn et schonn zanter Laangem Medikamenter, déi an d'An gesprëtzt ginn. Géint déi dréche Form gouf et bis viru Kuerzem keng wierklech Behandlung, et goufe just Nahrungsergänzungsmëttelen an Vitaminnen agesat. Elo gëtt et awer eng nei Therapie, déi Photobiomodulatioun heescht. Den Dr. Theischen erkläert, wat et mat deem sougenannte Valeda-System op sech huet, dee bei der Therapie zum Asaz kënnt.

Dr. Marc Theischen: "Dat ass am Fong geholl eng Liichtquell, déi Liicht vun dräi bestëmmte Wellelängte produzéiert. Mat deem Liicht gëtt an den Zelle vun der Netzhaut den Energiestoffwiessel stimuléiert."

Déi Therapie kéint d'Makuladegeneratioun zwar net ganz heelen, awer se géing ganz kloer hëllefen.

Dr. Marc Theischen: "Et ginn ganz vill Etüden, déi nogewisen hunn, datt d'Seekraaft verbessert gëtt, also datt ee beispillsweis déi Zuelen, déi een beim Aendokter liese muss, besser gelies kritt. Eis Patiente soen och, datt se Kontraster rëm besser erkennen an och Faarwe méi saturéiert gesinn."

Eng Therapie ëmfaasst néng Sëtzungen, déi am beschte Fall op dräi Wochen opgedeelt ginn. Dobäi kuckt een ofwiesselend mat jiddwer An ronn fënnef Minutten an d'Liichtquell. D'Aen mussen net virbereet ginn an et ass een no der Therapie net beanträchtegt. Et gesäit een zwar een Nobild, mee dat ass normal an et verschwënnt no spéitstens 15 Minutten erëm. Aktuell rembourséiert d'Gesondheetskeess dës Therapie nach net, et lafen awer Gespréicher.