Vill vun eisen Hausdéieren begleeden eis op Schratt an Tratt, a wann do engem eppes entwutscht oder eppes net gutt richt, dann ass dat och näischt fir eis empfindlech Nieschen a mir versichen do gläich Remedur ze schafen. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth ass haut op der Sich no engem spezielle Geroch.

Wéi d´Vicky an d´Consultatioun koum, hat déi al Hondsmudder schonn eng Odyssee hannert sech. Well et  verwerflech aus der Schnëss gemëffelt huet, ware seng Leit scho bei enger Rëtsch Déierendokteren mat him passéiert. Déi klassesch Ursaachen waren deemno schonn fonnt a behandelt ginn. Mais de schreckleche Gallem ass ëmmer nees erëmkomm. Fir d´éischt ware seng Zänn an d´Rei bruecht ginn, wat net vu Muttwëll war. Virun allem déi ënnescht Bakzänn waren esou entzünt, dass d'Vicky dowéinst och eng Mandel- a Spautdrüsenentzündung hat. Nodeems dunn d'Salle-à-manger sanéiert war, huet et fir e puer Wochen net méi geroch. A wéi den Doft dunn erëm do war, gouf och eng Sténkdrüs, un där et ëmmer geleckt huet, ewechoperéiert.

16-06-2022 Déierentipp - Romi Roth - Mondgeroch bei engem Mupp

An t'ass e bësschen wéi beim Zuch "Un train peut en cacher un autre", an och een Geroch kann sech iwwer en anere leeën.

Ma wéi d'Fiedem gezu goufen, huet seng Meeschtesch sech erënnert, dass d'Vicky, ier et mam Gemëffels lass goung, eng fatzeg Schank op ee Siess verschléckt hat. Zwar hat si se nach eraus gezunn kritt, ma mam Endoskop war ze gesinn, dass dem alen Déier säin Oesophage evident gelidden hat. Dem Vicky säin Schlécktube war ausernee gebratscht mat Divertikelen an deenen Fudderreschter, ze faule louchen. E Medikament fir säin Oesophage zesummen ze zéien an eng Ariichtung, déi dem ale Mupp säi Friessen héich gestallt huet, hunn de Geroch an e puer Woche ganz verschwanne gedoe.

16-06-2022 Déierentipp - Romi Roth - Ursaachen vu Mondgeroch