Kaunas a Litauen an Esch aus Lëtzebuerg - dat sinn zwou Europäesch Kulturhaaptstied 2022. An datt déi zwou Stied sech austauschen ass och gewosst. Do passt de Projet "Musical Train" gutt an d'Konzept.

17/06/2022 Musical Train

De Projet Musical Train ass am Kader vum Netzwierk "European Union of Music Competition for Youth" enstanen. Dëst Netzwierk schléisst europäesch Concourse fir jonk Museker zesummen, dozou gehéiert och de "Concours jeunes Solistes" vun der UGDA. Nieft de Concoursen ass et awer och wichteg Projeten z'organiséieren fir Jonker ze fërderen an dat europawäit. Sou ass tëscht Lëtzebuerg a Litauen d'Iddi vum Musical Train entstanen an deen huet sech elo gutt an d'Kulturstied integréiert. 

Zu Kaunas ass virun e puer Deeg d'Rees ugaange fir 5 jonk Blechbléiser, sou de Paul Scholer vun der UGDA. Den Owend um 7 Auer komme se zu Esch op der Gare un a ginn do vun engem Strächquartett ëmfaangen. Gemeinsam ginn dann nach nei Stécker ageprouft an déi ginn e Sonndeg zu Esch am Conservatoire gespillt vun dem Brass-Quintett an dem Sträichquartett an dono geet et nach op Schengen.

De Programm hunn déi Jonk, déi alleguer Laureate vun internationale Concourse sinn an aus verschiddene Länner kommen, dann och selwer konzipéiert. Dat gëtt dann den Owend an déi nächst Deeg och eng Iwwerraschung.


En Dënschdeg geet d'Rees gemeinsam weider op Bréissel an de Paul Scholer hofft och, datt ënnerwee am Zuch ka gespillt ginn, 

Déi lescht Concerten vum Musical Train sinn an der Gare zu Bréissel an am Citizen's garden beim Europaparlament.