Haut feiert ee Mann 60 Joer deen een ouni Zweiwel zu de bekanntsten Hollywood Acteuren zielen kann.

03/07/2022 Op den Dag

Den Thomas Cruise Mapother IV kënnt zu Syracuse am US Bundesstaat New York op d'Welt. Den Numm kléngt adeleg, den Tom Cruise wiisst awer mat sengen 3 Schwësteren a ganz aarmen Verhältnesser op. Seng Elteren Thomas a Mary hu kee feste Wunnsëtz a plënneren ëmmer nees. Dat bréngt mat sech, dass den Tom op méi wéi 15 verschidde Schoulen an den USA an a Kanada geet. Nodeems seng Elteren sech scheede loossen, bleift en da fir eng länger Zäit op enger Plaz.

Den Tom wunnt bei senger Mamm an hirem neie Mann. Mat 14 Joer wëll e Paschtouer ginn a lieft ee Joer laang ausserhalb vun der Famill fir e Seminär ze maachen. Nom Openthalt bei de Franziskaner ännert en awer seng Meenung a vun elo u wëll e sech ganz der Schauspillerei an dem Sport widmen.

En ass an enger Ringerequipe, muss déi awer wéinst enger Knéi-Blessur nees verloossen. Bleift dann nach d'Schauspillerei. Mat 18 Joer fänkt e seng Etuden an deem Fach zu New York un.

Den Debut op der grousser Leinwand ass et 1981 am Film "Endless Love" mam Brooke Shields. Do huet en eng Nieweroll.

1985 spillt en eng éischte Kéier eng Haaptroll. Hien ass den Jack am Film "Legend" vum Regisseur Ridley Scott.

Dee ganz groussen Duerchbroch ass et dann 1986 am Film "Top Gun" dee weltwäit iwwer 340 Milliounen Dollar agespillt.

D'Roll vum Charlie Babbitt am Film "Rain Man" dee sech em säin autistesche Brudder Raymond këmmert fir esou un d'Ierwen vum Papp ze kommen, bréngt dem Cruise zwar kee Präis, de Film ass awer an 8 Kategorien fir en Oscar nominéiert.

Ee Joer drop ass et d'Roll vum geläämte Vietnam Veteran am Film "Born on the Fourth of July". Fir déi Roll kritt en e Golden Globe an eng éischt Oscar Nominéierung.

1990 dréit en den Actionfilm "Days of Thunder" an deem en nieft dem Nicole Kidman d'Haaptroll spillt.

Vun 1992 bis 1996 bréngt den Tom Cruise eppes fäerdeg, wat bis elo nach kengem Acteur virun him gelongen ass: en dréit 5 Filmer hannerteneen, déi eleng an den USA méi wéi 100 Milliounen Dollar aspillen.Dee fënneften ass de "Mission Impossible" vun deem et mëttlerweil 6 Deeler ginn.

RTL

© afp

Seng drëtt a bis haut lescht Oscar Nominéierung ass et fir d'Nieweroll am Film "Magnolia". Duerfir gëtt et zwar e Golden Globe, bis haut konnt den Tom Cruise awer keen Oscar gewannen.

Nom Film "Operation Walkür" geet et fir hien manner erfollegräich weider. D'Action-Komedie Knight and Day ass an den USA e Flopp. De Kriminalfilm "Jack Reacher" erënnert wéinstens nach e bëssen un dem Cruise seng Glanzzäiten.

Wat säi Privatliewen ugeet schéngt de Cruise eng Präferenz fir Schauspillerinnen ze hunn. 1987 bestit en d'Mimi Rogers, 3 Joer drop léist e sech scheede fir d'Nicole Kidman ze bestueden. Si adoptéieren zwee Kanner. 2001 loosse si sech scheeden. Duerno ass et eng Bezéiung mam Penelope Cruz déi 3 Joer dauert. Ee Joer drop kënnt e mam Katie Homes zesummen mat deem en déi gemeinsam Duechter Suri huet. D'Koppel bestit sech an Italien ënnert dem Ritual vu Scientology. 2012 geet dann och déi Bezéiung op en Enn.

RTL

© afp

Duerch säin Asaz fir d'Scientolog-Kierch zielt den Tom Cruise och zu den ëmstriddensten Acteuren. 2004 deet en international vu sech schwätzen well e Reklamm mécht fir en Scientology-Zenter zu Madrid. Mat de Psychiater verdréit en sech net sou gutt, well dës der Scientolgy-Ideologie widderspriechen, seet en. De Cruise gëtt als ieweschte Kapp vu Scientology ugesinn. Hie selwer betount awer ëmmer nees, dass dat éischter Fantasie wier. Egal wéi, haut feiert den Tom Cruise 60 Joer.