Als Eltere brauch een och emol e bësse Fräizäit an da muss e Babysitter hier. Lescht  Woch hunn zu Schëffleng eng Rëtsch Sitteren hiren Diplom kritt, nodeems se erfollegräich duerch e Cours gaangen sinn. Ma wat brauch et dann alles fir e richtege Babysitter ze sinn. De Jeff Rossler huet fir Iech nogekuckt.

21062022 Wei gett een e Babysitter (Internet)

Babysitting Course kann een an enger Rei Gemenge fannen, mee och bei soziale Servicer wéi Jugendhaiser. Dowéinst kënnen déi och ëmmer e bëssen anescht ausgesinn. An der Gemeng Schëffleng ass et z.B. eng Formatioun vu 7 Stonnen, alles op engem Dag an do gi verschidden Themen ugeschwat, esou d'Nickie Lippert, vum Service des Citoyens et de la Communication vun der Gemeng Schëffleng.

Nickie Lippert: Do geet et ëm d'Entwécklung vun de Kanner, d'Versuergung vum Bëbee a vum klenge Kand. Et léiert een eng Fläsch ze maachen, op der richteger Temperatur oder wéckelen. Et geet och ëm d'Ernärung vum Kand, well e Kand jo net alles iessen duerf. Se léiere wéi eng Spiller ee mat de Kanner ka maachen. Se léiere wat een am Noutfall maache kann, esou wéi en Ufank vun enger éischter Hëllef. Se léieren awer och d'Rechter an d'Flichte vun de Babysitteren, fir ze wëssen, wat se herno dierfen a wat net. Wat se mat den Elteren am Virfeld ofkläre sollen.

Alles wichteg Informatiounen. Dat Ganzt ass awer keng Musse Saach, mee eng nawell nëtzlech Hëllef.

Nickie Lippert: De Cours ass definitiv keng Flicht fir kënne Babysitter kënnen ze sinn. Mir schwätze jo ëmmer nach vu Babysitteren an net vun enger Dagesmamm oder engem Educateur, deen elo déi ganzen Zäit op e Kand oppasst. Et geet drëms fir an der Fräizäit e puer Stonnen op e Kand opzepassen. Et ass awer ëmmer flott fir eng Basis vum Verständnis vun de Kanner an dëser Phase ze kréien.

Net nëmmen d'Informatioune kënnen dobäi nëtzlech sinn. En Diplom vun engem Babysitting Cours suergt dofir engem e grousse Vertrauensvirschoss ginn.

Nickie Lippert: Mir schaffe vill mat der Plattform babysitting.lu zesummen. Et ass eng national Plattform, wou déi Jonk sech kënnen als Babysitter umellen. Den Elteren garantéiere mir dass all Babysitter op der Plattform e Minimum u Formatioun gemaach huet. Den anere Wee kënne mir op der Plattform Babysitter och bëssen eng Kontroll ginn, wéi eng Elteren do sinn. D'Eltere mussen sech och umellen a mir ginn d'Donnéeën net u jiddwereen eraus.

Wann dir e Babysitter braucht da plangt awer och gutt Zäit an. Sicht beschtefalls keen an enger Urgence eraus, mee léiert de Sitter kennen a kuckt ob déi Persoun wierklech zu Iech an äre Kanner passt.