Den Tommy Schlesser kënnt erëm zeréck op eis Ecranen. Nodeems mir de Lëtzebuerger Schauspiller d'lescht Kéier bei "Inga Lindström: Liebe verjährt nicht" oder "Traumschiff: Marokko" gesinn hunn, ass en nees bei engem Rosamunde Pilcher Film dobäi. Déi eng wäerte sech elo freeën, mee fir déi, déi mat deem Numm näischt ufänke kënnen, kann den Tommy Schlesser dat nach eng Kéier kuerz resuméieren.

17/06/2022 Tommy Schlesser am neien Rosamunde Pilcher Film

Tommy Schlesser: Rosamunde Pilcher, dat ass keng richteg Serie, mee eng Filmrei souzesoen. Et leeft alles ënnert dem Numm vun der Autorin, Pilcher, déi huet e ganze Koup Romaner an och Kuerzgeschichte geschriwwen an déi Filmer baséieren alleguerten op deene Geschichten. Ech spillen do elo eng Haaptroll.

Dat heescht mir kënne schonn erwaarden, dass een den Tommy nawell dacks am Bild wäert hunn. Do gëtt een awer virwëtzeg ob, een net nach den een oder aneren Detail am Viraus wësse kann.
Tommy Schlesser: Natierlech kann ech net ze vill verroden, mee et ass e bëssen aneschters wéi déi aner Pilcher Filmer. Déi sinn ëmmer ganz romantesch a liicht schnulzeg, dat hei ass awer e bëssen anescht. Natierlech sinn nach ëmmer déi schéin Géigenden do, et gëtt erëm am Cornwall gedréint. Et ass awer e bësse méi dramatesch des Kéier.

Rosamunde Pilcher Filmer bleiwen nawell gäre bei de nämmlechte Schauspiller. Dat heescht schonn zanter der éischter Kéier wou den Tommy Schlesser do matgemaach huet, konnt ee sech schonn denken, datt een e nach eng Kéier erëm gesäit.
Tommy Schlesser: Wann ee bis eng Kéier do dran ass, da kann een domadder rechnen, datt een all Joers esou eng Ufro kritt. Et ass am Fong scho meng drëtt Ufro. Déi zweet Kéier konnt ech net maachen, well Lëtzebuerg an deem Ament op der rouder Corona-Lëscht vun England stoung. Do hunn ech net dierfen. Dofir sinn ech elo ëmsou méi frou, datt et bei der drëtter Kéier beim drëtte Film geklappt huet.

Mir freeën eis do natierlech och an hu grouss Erwaardungen un den endgültege Film.
Tommy Schlesser: Et ass eng schéin Story! Ech weess nach net wie mat mir matspillt, do hoffen ech natierlech dass ech gutt a sympathesch Spillpartnere kréien. Mir wäerte bis Mëtt August dréinen, normalerweis kënnt dat ganzt dann en halleft Joer duerno op der Tëlee.

Dat wier dann eréischt Ufank nächst Joer. Wie bis dohinner awer wierklech net op den Tommy waarde kann, ka sech dëse Wanter nach mat "Die Bergretter" um ZDF vertréischten.