De meteorologesche oder klimatologesche Summer ass schonns den 1. Juni ugaangen, ma elo start dann och de Summer um Kalenner an an der Astronomie. Ganz genee ass dat haut ëm 13 Minutten op 11 de Moien, Marie Gales.

21/06/2022 Haut geet de Summer un! (Internet)

Dat ass den Ament vun der Sonnekéier am Summer. D'Sonn steet dann iwwert dem nërdleche Wendekrees. Zu kengem aneren Zäitpunkt ass de Sonnezenit sou wäit am Norden, ganz genee op der Héicht vun der Sahara. Dat heescht op kengem Dag vum Joer mécht d'Sonn e méi groussen Deel vun der nërdlecher Hallefkugel méi hell. Dës Sonnekéier am Juni fält all Joers op en aneren Datum. A Mëtteleuropa ass dëst an de meeschte Joren op dem 21., mä a munche Joren ass et och de 20. Juni.

Och wa mir mengen, dass d'Deeg am Summer méi laang wieren, genee de Contraire ass de Fall. Am Laf vum Summer wandert de Sonnestand nees a Richtung Süden an doduerch ginn d'Deeg méi kuerz.
Trotzdeem ass de Summer déi wäermste Joreszäit, well et erreecht eis méi Sonnenenergie an doduerch wiermt sech d'Atmosphäre am Laf vum Summer ëmmer weider op.

D'Längte vun den Deeg bannent engem Joer variéiere an der Géigend vum Äquator sou gutt wéi guer net, ma a Mëtteleuropa gëtt et dach en däitlechen Ënnerscheed  tëscht dem kierzsten an dem längsten Dag. Sou kann de längste Dag an eise Géigenden vum Sonnenopgank bis dass d'Sonn nees ënnergeet eng 16 Stonnen a 50 Minutten hunn. An de kierzsten Dag huet dogéint just 7 Stonnen an 39 Minutten – dat mécht en Ënnerscheed vun am ganzen 9 Stonnen an 11 Minutten!
An de Polargebidder ass den Ënnerscheed nach vill méi grouss, hei geet d'Sonn am Summer guer net ënner an am Wanter geet se guer net op. Südlech vum Äquator markéiert d'Sonnekéier am Juni de Wanterufank. De Summer dogéint start da bei der Sonnekéier am Dezember, deen an der mëtteleuropäescher Zäitzon all Joers op den 21. oder 22. Dezember fält.

Et gëtt dann och e Fest fir d'Sonnekéier am Summer ze feieren; zanter der Christianiséierung an Europa ginn et d'Gehaansfeieren. Dëst geet op de Gebuertsdag vum Gehanes den Deefer de 24. Juni zréck, dee sech mat der Sonnekéier iwwerschneit an d'kathoulesch Kierch hat dës 2 zesumme geluecht. A Spuenien feieren d'Mënschen d'Gehaansnuecht mat engem Feier um Strand a sprange Mëtternuecht dann an d'Mier.
An de skandinavesche Länner gëtt de Summerufank da ganz grouss gefeiert, si schwätze vum "Midsommar", no Chrëschtdag ass dëst dat 2 gréisste Fest am Joer.