De Jeff Weydert bedreift zu Uesweller e Bauerenhaff an huet sech ganz der Iddi vun der solidarescher Landwirtschaft verschriwwen. Seng Cliente bezuelen am Viraus a kommen hiert Geméis selwer sichen. De Marc Hoscheid war bis op de Fromburgerhaff kucken.

27/06/2022 Solidaresch mam Bauer 13:45 (Internet)

E bëssi siche muss ee schonn, bis een de Fromburgerhaff bei Uesweller fonnt huet. A wann ee bis do ass, fänkt fir vill Clienten d'Aarbecht réischt un, well d'Majoritéit vun de Léit, déi beim Jeff Weydert hiert Geméis kafen, leet selwer mat Hand un an hellt et aus dem Buedem. Den 38 Joer jonke Bauer huet de Betrib 2016 vu sengen Elteren iwwerholl a bedreift en nom Prinzip vun der solidarescher Landwirtschaft. De Jeff Weydert erkläert de Geschäftsmodell.

Jeff Weydert: "Mir verkafen d'Geméis net direkt, mee d'Leit, déi et kréien, maachen een Abonnement bei eis, idealerweis um Ufank vum Joer. Sou kënne mir eise Budget an d'Leit hëllefen eis de Risiko mat ze droen. D'Leit bezuelen dat am Viraus a kommen all Woch bei mech an de Gaart ernten, oder si bestellen eng fäerdeg Këscht, déi mer hinnen op eng Pick-Up-Statioun bréngen."

Duerch den Investissement vun de Leit géing de Risk vun enger schlechter Recolte, beispillsweis duerch schlecht Wieder, ausgeglach. Wann et eng gutt Recolte gëtt, profitéieren d'Clienten deementspriechend. Et géing sech ëm een transparente System handelen, bei deem komplett op Pestizide verzicht gëtt an och bal keng Maschinnen zum Asaz kommen. Dat meescht gëtt per Hand gemaach. De Jeff Weydert ass derbäi, säi Betrib komplett vu konventionell op biologesch ëmzestellen, anescht géingen et nämlech ëmmer erëm Problemer. Als Direktvermaarter wier de Bio-Label net esou wichteg, mee wann d'Liewensmëttel bis am Buttek sinn, géing dat eng Roll spillen.

RTL

© Hoscheid Marc/RTL

De Jeff Weydert bitt eng breet Gamm u Produiten un.

Jeff Weydert: "Mir bauen eigentlech queer Beet zimmlech all Zorten un, déi een hei zu Lëtzebuerg ubaue kann. Dat geet vun der Zalot bis zur Tomat oder der Paprika an eisen Zären. Besonnesch ass, datt mir vill somefest Zorten ubauen. Mir hunn eis Zorten méi nom Goût a manner nom Ausgesinn ausgesicht. Dat heescht mir kënnen de Som ernten an dat bréngt ganz aner Zorte vu Geméis, déi ee fantastesche Goût hunn."

Als Projet fir d'Zukunft wëllt de Jeff Weydert de klenge Buttek, deen hien op sengem Haff bedreift, erweideren. Allerdéngs net sur place, mee an den Dierfer ronderëm sollen kleng "Tante-Emma-Butteker" entstoen.