Vläicht kennt den een oder anere nach de Reparaturführer den 1999 raus komm ass. Deemools gouf et zwar den Internet schonn mee den Zougang zum Internet war nach net esou wie dat haut ze Deeg mat den Smartphonen ass. An deemools gouf et also schonn e Buch mat all deene Betriber wou en hei am Land kann sech Saachen ausléinen, respektiv och reparéiere loossen, Michèle Schons?

29/06/2022 SuperDrecksKëscht Aktuell - Clever Akafen - Flécken a Léinen

A "Flécken a Léinen" ass dann elo d'Digitaliséierung vum Reparaturführer also eng Sichplattform mat insgesamt iwwer 120 Betriber.

Ma... firwat dann net einfach néi kafen?

D’Erfarung huet gewisen dass déi meescht Géigestänn mat engen geréngen Opwand kënne reparéiert ginn. Dat schount zum engen eisen Portmonni an zum aneren eis Ressourcen. Also eng klassesch win-win Situatioun. Wann Dir Produiten nëmmen dann ausléint, wann Dir se braucht, hutt Dir méi Plaz fir aner Saachen an ëmmer dat Richtegt zur Verfügung.

A wéi funktionéiert dat Ganzt?

Op der Internetsäit

fënnt een uewen am Menü registréiert Betriber. Do kann een auswielen op een wëll eppes reparéieren loossen oder eppes ausléinen. Dann gëtt een den Sichkategorie an, de Wunnuert an Uschléissend den Radius (5,10, 20 oder 30 km) Dann kritt een eng Lëscht ugewisen, ganz genau ofgestëmmt op seng perséinlech Sichkrittären. Am beschten kontaktéiert een dann déi Firma an kuckt fir d’Detailer mam Betrib ze klären.

An tëscht wat fir Kategorien kann ech auswielen?

Maschinnen an Haushaltsapparater
Gefierer an Unhänger
Kamera an Optik
Medezinesch Hëllefsmëttel, Kosmetik an Wellness
Gaart a Planzen
Elektronesch Geräter
Feier a Party
Sport, Spillsaachen, Reesen a Hobbyen
Musek a Instrumenter
Haus an Appartement
Miwwelen, Parzeläin, Textilien an Dekoratioun
Kleeder, Schong a Bijouen

Wann dir eppes net direkt fannt oder awer Interessi hutt iech als Betrib bei eis ze registréieren kënnt dir iech och ëmmer gären bei der SuperDrecksKëscht mëllen an nom Projet flécken a léinen froen.

Dir wëllt méi iwwert d'Servicer vun der SuperDrecksKëscht gewuer ginn: