Schonn zanter Joren gëtt et "Fräiraim" an der Philharmonie. Dëst Joer, no 2 Joer Pandemie, huet een dann decidéiert aus dësem e Festival ze maachen. Vum 24. - 26. Juni spillen hei eng 800 Museker op de Bünen vun der Philharmonie.

24/06/2022 Fräiraim Festival

No der Pandemie kann een endlech nees feieren. Kee wonner dass eppes hei am Land lass ass. Et dierft fir jiddereen eppes dobäi sinn. Och an der Philharmonie kënnt de Musekbegesschteren op seng Käschten. Hei ass nämlech dëse Weekend de "Fräiraim"-Festival. Tiffany Saska vun der Philharmonie am RTL-Interview méi iwwert de Festival verroden.

Tiffany Saska:

U sech hu mer schonn zanter längerem e Fräiraim-Zyklus an der Philharmonie deen oppe fir all Stiler fir Amateur- a Profigruppen. Dat hiewe mer elo op den nächste Level dat gëtt elo e Fräiraum-Festival. Dat heescht 60 Gruppen, 850 Museker déi op 3 Deeg 6 Bünen wärte Rocken. Et ass vun all Stil mat dobäi.

Natierlech sinn och d'Museker frou endlech nees op de Bünen stoen ze kënnen. An hei wëll een alles ginn, zum Deel och mat méi spezielle Kompositiounen. Den Tom an de Marc Dosser vun der Band Desdemonia:

Eng Präparatioun op e Concert ännert sech net groussaarteg. Et muss ee sech ëmmer op e Concert präparéieren. Mir si frou, elo no der Pandemie erëm méi kënnen ze spillen. Wat hei speziell ass, ass dass mir eng Versioun vun engem vun eisem bekanntste Lidder spille, wou e Pianist matspillt. Dat ass e bësse méi speziell. Et ass interessant ze gesinn dass den Heavy Metal net wäit vun der Klassik ewech ass.

Ma d'Pandemie hat och eppes Positives. Wéi all Museker, hunn Desdemonia dann hier "fräi" Zäit sënnvoll genotzt.

Mir hunn d'Zäit alt genotzt fir am Songwriting ze schaffen. An awer feelt engem e bëssen de Live-Environnement. Elo wou d'Méiglechkeet erëm ass fir nees ze spillen, hu mer d'Geleeënheet genotzt fir erëm ze spillen. Ech denken dass et wichteg ass fir emol erëm eng Kéier Live ënner Leit ze kommen. Leit sinn och absolut prett fir nees op Concerte ze goen.

Concerte si fir näischt. Se daueren maximal eng Stonn a wiem eppes net gefält, dee kann einfach bei eng aner Bün ze goen. Dernieft ass natierlech, wéi kënnt et anescht fir Lëtzebuerg sinn, ass natierlech gesuergt.