Bei der Provençale gesäit een d'Thema vun der nohalteger Ernärung differenzéiert. Am Interview mam Marc Hoscheid schwätzt sech de Georges Eischen géint dogmatesch Positiounen a fir eng realistesch Aschätzung vun der Situatioun an der Liewensmëttelindustrie aus.

27/06/2022 Ob Chips oder Poulet, Haaptsaach vu Lëtzebuerg 15:20 (Internet)

Mëllech a Fleesch sinn net alles, dat seet de Georges Eischen vun der Provençale. An de leschte Joren huet de lëtzebuergesche Liewensmëtteltëschenhändler seng Gamm reegelméisseg ëm weider lokal Produiten erweidert, sief et Äerdbier, Chips, Poulet oder Spargelen. Fir de Konsument un de Produit ze bannen, braucht et dem Georges Eischen no net onbedéngt Labelen, dës sollte senger Meenung no just begrenzt agesat ginn.

Georges Eischen: "Ech mengen, datt et hei am Land wichteg ass, datt mer Labelen hunn, déi d'Origine vum Liewensmëttel garantéieren. Vläicht hu mer haut ze vill Labelen a mir wieren an der Liewensmëttelbranche gutt beroden, wa mer just ee Label hätten, deen den Origine garantéiert."

Et bestéing d'Gefor, datt d'Qualitéitskrittären entweder verwässert, oder ze héich geschrauft ginn. Mat Bléck op d'Thema Nohaltegkeet fënnt de Georges Eischen, datt et sech dobäi ëm e Schlagwuert handelt. Et géing sech kloer weisen, datt et dem Konsument méi wichteg wier, datt ee Produit lokal produzéiert ass an de biologeschen Volet an den Hannergrond réckelt. Dobäi wéilt hien déi zwee Aspekter awer net géinteneen ausspillen.

Bei der Nohaltegkeet misst een eng global Visioun hunn. Sou kéint beispillsweis de komplette Verzicht op Pestiziden deelweis dozou féieren, datt méi CO2 ausgestouss gëtt. Hei misst ee mat gesondem Mënscheverstand agéieren.

An der Diskussioun ronderëm de Gebrauch vu Plastik an der Liewensmëttelindustrie beklot de Georges Eischen eng gewësse Schäinhelleg- an Iwwerflächlechkeet am ëffentlechen Debat.

Georges Eischen: "Ech fannen et traureg, datt mer déi Plastiksdiskussioun just op d'Uebst a Geméis limitéieren. Plastik ass eppes, wat, wa mer et evitéiere kënnen, och evitéieren sollten. Mee Plastik gëtt awer heiansdo och engem Produit d'Chance, säi Wee duerch d'Liewensmëttelketten ze fannen."

Fir Plastik ze evitéieren, misst d'Politik hir Responsabilitéit huelen a Produiten entweder verbidden, oder se sou héich besteieren, datt se net méi attraktiv sinn. Ee Beispill wieren d'Alkopos. Ob an Zukunft méi biologesch a lokal konsuméiert wäert ginn, géing wesentlech vun der Kafkraaft vun de Leit ofhänken.