Endlech Summer, Sonn, héich Temperaturen, awer dat bedeit och dass verschidden Gedéiesch ugelackelt gëtt dat soss net do ass. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet souguer nach eng Feststellung gemaach, déi och fir Muppemeeschteren eng Roll spille kann.

21/06/2022 Déieretipp: Summerekzem

De Golden Retriever Orso gouf am Noutdéngscht an d'Praxis bruecht, well hien op eemol eng ganz grouss Flaatsch Haut hat, déi wéi e réie Bifdeck ausgesinn huet. Déi Plaz huet terribel gebass, de Orso war an engem Stéck a wéi verréckt dru mat lecken a knaen. Seng Leit haten Angscht et wier Krätz oder e béisaartege Schwier. Ënnert dem Mikroskop waren dunn och e puer Milben ze gesinn, déi awer, obwuel se Raubmilben genannt ginn, zimmlech harmlos sinn. Vu sech aus maache si bal ni krank. Den Orso hat einfach e Summerekzem, och nach Hot Spot genannt. U sech näischt Uerges, dat bal grad sou rapid ofheelt, wéi et vun enger Stonn op déi aner op eemol do ass.

21-06-2022 Déierentipp - Romi Roth - Analyse Summerekzem

Dat muss een wëssen, soss kann ee warscheinlech awer emol gutt erféieren, well d'Honn da meeschtens och ferm muuschteg mëffelen.

De Summerekzem ass typesch fir grouss Honn a fiichtwaarmem Wieder. Ursaache sinn Parasitten, allergesch Reaktiounen oder och kleng Blessen. Onbehandelt kënnen déi Plazen immens grouss  ginn a mat Eeterkeimer verknaschten, wat a ganz raren, méi schwéiere Fäll bis zu enger Bluttvergëftung féiere kënnt. Dem Orso seng Haut ass ronderëm den Hotspot geschuer a propper gemaach ginn. Déi krank Haut ass dunn gutt desinfizéiert ginn a per Sprëtz gouf en Antibiotique mat engem Mëttel géint d'Entzündung ginn. A well den Orso net ophale wollt drun ze goen, huet hien fir e puer Deeg eng Collerette ugedoen kritt.

21-06-2022 Déierentipp - Romi Roth - Behandlung Summerexkzem