Den RTL Reporter war haut de Moien eng fëmmen. Eigentlech huet en sech zwar just dofir interesséiert wei Zigarette made in Luxembourg produzéiert ginn. Am Joer 1847 huet een d'Tubakfabrik Heintz van Landewyck gegrënnt. Laang Zäit gouf zu Hollerech an och zu Ettelbréck produzéiert, ma zanter 2020 huet een nei Produktiounshalen um Fridhaff. Op engem Terrain vun 62.000 Metercarré an 33.000 Metercarré Raimlechkeeten huet sech de Lëtzebuerger Betrib elo installéiert.

29/06/2022 E Moie bei Heintz van Landewyck
RTL
RTL
RTL
RTL