Anefuerschung gëtt ëmmer méi beléift bei de Leit. Wou komme meng Virfaren hier a wat ass d'Geschicht vu menger Famill. Eng Fro déi sech speziell op Nationalfeierdag méi dacks gestallt gëtt. De Mister Science mat de Moyenen, déi engem bei der Sich kënne weiderhëllefen.

23/06/2022 Mister Science Anefuerschung

Kéint een och an engem senger DNA Indice fannen, ob ee Lëtzebuerg am Blutt huet?

Datt sech Verwandtschaftsbezéiunge mat Hëllef vun DNA bestëmme loosse kennt ee jo aus de Vaterschaftstester. Eist Ierfmaterial verréit eis awer och eppes iwwer méi wäitleefeg Virfaren, sou dass een seng Ofstamung zu engem gewësse Grad novollzéie kann.  
Op Basis vu spezielle Muster an eisem Ierfmaterial kënne Wëssenschaftler eis a verschidde Gruppen andeelen. Si nennen des Haplotypen an déi si bestëmmten Ursprongsregiounen zougeuerdent. Op des Aart a Weis kanns du gewuer ginn, wouhier deng Famill kënnt – zum Beispill aus der Regioun Lëtzebuerg oder eventuell awer zum Deel vu Lëtzebuerg an zum Deel aus südeuropäesche Länner.  

Wéi funktionéiert dat genee?  

Wann ee lo reng d’DNA kuckt, da si mir Mënschen eis all ganz änlech. Mäin Ierfmaterial – däint och - stëmmt zu 99,5% mat deem vun all aner Mënsch op der Welt iwwereneen. An deenen 0,5% déi anescht sinn siche Wëssenschaftler no ganz bestëmmte Mutatiounen, déi vun enger Generatioun an déi nächst weider gi ginn, ouni datt se sech dobäi mam Ierfmaterial vum aneren Elterendeel vermëschen.  
Dat funktionéiert engersäits um Niveau vum Y-Chromosom, dee just Männer hunn a sech net mam Ierfmaterial vun der Mamm mësche kann. Eng Mutatioun um Y-Chromosome vum Grousspapp huet also de Papp geierft an déi kann en och just un e Bouf weider ginn.  Änlech funktionéiert et och bei Fraen. Si ginn awer keen exklusive Chromosom un hir Kanner weider, mee Mitochondrien – dat si kleng Kraaftwierker an eisen Zellen - an DNA déi do dran ass. Och hei loosse sech bestëmmte Mutatiounen am Familljestammbam zréckverfollegen.  
Populatiounsgenetiker, déi sech mat der genetescher Ofstamung vu Bevëlkerungsgruppe beschäftegen, hunn unhand vu charakteristesche Mutatioune verschidden Haplogruppen definéiert. An domadder léist sech d’Warscheinlechkeet benennen, mat där eis Virfaren aus enger bestëmmter Regioun stamen.

An dat geet och mat engem Ancestry-DNA-Test, deen iwwert den Internet ugebuede gëtt?

Tatsächlech analyséiere sou Direct-to-Customer-Tester eis DNA – déi se iwwregens aus enger Spautprouf an net aus dem Blutt isoléieren – a sichen no sou Mutatiounen. Mir kréien dann als Resultat eng Informatioun, z.B. zu wéi vill Prozent mir europäesch Wuerzelen hunn a wéi vill asiateschen Ursprong an eis stécht. Eng Rei Wëssenschaftler sinn awer ganz skeptesch, wat d’Prezisioun vu sou Tester betrëfft. Verschiddener vergläichen se souguer mat der Aussokraaft vun Horoskoper oder denken se sinn onwëssenschaftlech a komplette Quatsch.  
Allerdéngs sammelen des Entreprisen ëmmer méi Daten vu Clienten an nieft der Andeelung an Haplogruppe vergläiche si d’DNA-Prouwe mat deene vun hiren anere Clienten. Hei kann een da souguer op onbekannte Verwandtschaft stoussen. An deem breeden Interessi fir d’Methoden an den Daten gesinn aner Wëssenschaftler dofir eng grouss Chance, d’Geschicht vun der Mënschheet ze entschlësselen. An dofir bleift d’Fuerschung spannend.