Am Lycée Ermesinde zu Miersch wëllt ee mam Projet Seefood an der Kantin méi op nohalteg Ernärung setzen. De Marc Hoscheid huet mat der Schülerin Wonne Vyncke de Man iwwert de Projet geschwat.

27/06/2022 Méi nohalteg an der Schoulkantin 18:20 (Internet)

Méi biologesch a lokal Liewensmëttel an der Kantin, dat ass d'Zil vum Projet Seefood vum Mierscher Lycée Ermesinde. D'Centrale d’Administration et de Développement des Entreprises, eng vu 15 sougenannten Entreprisen, déi et an der Schoul gëtt, huet sech virgeholl Statistiken doriwwer ze erstellen, wéi vill biologesch a lokal Produiten an der Kantin verschafft ginn. D'Wonne Vyncke de Man ass Deel vun dësem Projet an erkläert, firwat him nohalteg Ernärung wichteg ass.

Wonne Vyncke de Man: "Bei mir doheem hu mir ëmmer nohalteg giess an déi meescht Kolleege vu mengen Eltere si Baueren. Mir huelen eis Liewensmëttel meeschtens vun hinnen a sou hunn ech gemierkt, datt et wichteg ass, datt ee weess vu wou hier d'Iesse kënnt an datt et nohalteg ass. Ech hu mer déi Wäerter bis haut erhalen." 

D'lescht Joer ware 75 Prozent vun de Liewensmëttel an der Kantin vum Lycée Ermesinde aus biologeschem Ubau. 51 Prozent vun de Produite koume vu Lëtzebuerg. Am Idealfall wieren déi béid Aspekter erfëllt, mee wann een e Bioproduit net zu Lëtzebuerg kritt, misst een en ebe vu méi wäit siche goen. D'Statistike ginn an der Kantin ausgehaangen, fir datt jiddereen au Courant ass. D'Wonne beschreift d'Reaktioune vu senge Schoulkomeroden.

Wonne Vyncke de Man: "Mir hänken d'Statistiken ëmmer an der Kantinn aus. Ville Schüler ass nohalteg Ernärung wichteg an ech krut scho Feedback vu Leit, déi déck begeeschtert waren a frou sinn dat vill Wäert dorop geluecht gëtt."

Déi jonk Schülerin ass der Meenung, datt ee mat Bléck op den Undeel vu Bioproduite well bal um Maximum ukomm ass, och wann et ëmmer nach e bëssi Sputt no uewe géing ginn. Fir d'Zukunft hofft d'Wonne, datt aner Schoule sech ee Beispill um Lycée Ermesinde huelen a méi Wäert op nohalteg Ernärung leeën. Et sollt zudeem nach méi Wäert drop geluecht ginn, datt d'Schüler och nohaltegt Iessen zerwéiert kréien, dat hinnen och schmaacht.