"Vakanz Doheem" war am Summer 2020 de Motto fir och mol säin eegent Land ze entdecken an enger Zäit wou ee souwisou net konnt wäit fort. Wat kann een dann dësen Summer an eisem Land entdecken?

27/06/2022 Vakanz Doheem 2022

Déi Fro huet eis den Tourismusminister beäntwert. Un Offeren dierft et dem Lex Delles no net fehlen:

"De Summer ginn et traditionell jo ëmmer ganz speziell Saachen. An der Stad sinn d'Kasematten elo ganz nei opgaang dat ass een Deel. De Minetttrail, do ginn et ganz flott Gitten déi vun de Gemengen zesummen mam ORT amenagéiert gi sinn wou een da kann de ganze Minetttrail goen an dann och plazeweis schlofen, wat ganz flott ass. Ob der anerer Säit awer eis Campagne "Lëtzebuerg, dat ass Vakanz" déi dëst Joer am Zeechen vun der Gastronomie steet. Do gëtt et eng Ënner-Campagne "Vakanz genéissen" wou eng table éphémère wäert op 6 verschidde Plazen am Land sinn an deene 6 Regiounen. An déi ass da wärend engem Weekend do. Do kann ee mëttes an owes eppes iessen op enger ganz spezieller Plaz"

RTL

© Ministère du Tourisme

RTL

© Ministère du Tourisme

Firwat dann net och mol nees e Weekend oder e puer Deeg eng Iwwernuechtung hei am Land plangen. Stéchwuert Camping

"Also et gesäit een dass d'Campingsplazen hei zu Lëtzebuerg och immens evoluéiert hunn an deene leschten Joren. E Camping vu viru 5 Joer ass kee Camping méi vun haut. Et sinn immens vill Investissementer an d'Campinge gemaach ginn a mir hu formidabel schéi Campingsplazen hei zu Lëtzebuerg wou och ganz vill Touriste kommen. Traditionell kommen déi Touristen aus Holland, der Belsch an Däitschland, mä et mierkt ee wierklech dass dat déi lescht Joren och immens ugeholl ginn ass. Natierlech och duerch Covid: et ass ee fir sech eleng, et huet ee Plaz lénks riets, mä besonnesch eben déi Naturverbonnenheet déi mer hei zu Lëtzebuerg hunn. Déi Campinge si ganz oft beim Waasser, se si matzen am Bësch, also ganz flott Campingsplazen wou mer am Ausland och eng Renommee dofir hunn."

An da si mer och nach vum Minister gewuer ginn, dass et eng drëtt Editioun vum Vëlosummer gëtt.

RTL

"Dëst Joer wäert eng drëtten Editioun vum Vëlosummer sinn, dat och an der Campagne "Lëtzebuerg, dat ass Vakanz". De Vëlosummer ass am Fong erschafe ginn zesummen mam Minister Bausch, mat sengem Ministère fir eben och do de Vëlo méi no ze bréngen an och als touristesch Attraktioun kënnen matzehuelen. Dëst Joer wäerten et 11 Strecken duerch d'ganz Land ginn wou entweder de Weekend oder awer iwwert déi ganz Zäit vum 30. Juli bis den 28. August 2022 Stroosse wäerte gespaart sinn fir de Vëlosummer. Do kann een  also ganz bequem iwwert déi ganz Strecke fueren vun A op B an dat dann net nëmmen verbannen mat enger Ballade mam Vëlo, mä och mat touristeschen Attraktiounen."
 

Do stellt sech dann och d'Fro ob de Minister selwer mol mam Vëlo op de Strecken ze gesinn ass

"Ech muss soen ech fueren heiansdo mam Vëlo, mä ech ginn déi Strecken och ganz gär ze Fouss."

Informatiounen iwwer de Vëlosummer ginn an de nächsten Deeg publik.

RTL
RTL

© Ministère du Tourisme