Ënnert dem Slogan "Yoga for humanity" ass den 21. Juni 2022 de Weltdag vum Yoga. Wann een mat de Yogie schwätzt, weist sech, datt fir déi meeschte vun hinnen Yoga net nëmmen eng Sportaart ass, mee vill méi ass et eng Philosophie.

D'Eileen von Knobelsdorff ass Yoga-Coach an huet och seng eege "Schoul " opgemaach. Am Yoga-House zu Stroossen kann een u ville Coursen deelhuelen. Beim Yoga ass och wichteg ze betounen, datt et vill verschidde Formen dovunner ginn.
Eileen von Knobelsdorff: Yoga kann ee fir alles maachen an dat ass dat Schéint. Et ass wierklech holistesch. Et kann ee Yoga maache fir ofzehuelen, méi flexibel ze ginn oder fir einfach méi Rou an eise Kapp ze kréien. Et geet och fir d'Entspanung, fir besser ze schlofen, bei Verdauungsproblemer oder fir eng besser Balance als Sportler. Et kann een et benotze fir Verletzunge virzebeugen. Yoga huet do guer keng Grenzen.
 
200 Stonne Formatioune muss ee maache fir kënnen e Yoga-Coach ze ginn, no uewe ginn et keng Grenzen. De Loïc Juchem war an enger Yoga-Stonn derbäi an huet ganz séier gemierkt gehat, datt Yoga een immens berouegt an dat koum och am Gespréich mat anere Yogis eraus. (E Yogi ass déi Persoun déi Yoga mëscht)
 Yogi: It lifts my spirits and makes my whole day just radiate. It makes my day that much better. You can start the day with it, but you can do it any time of the day, it's a good refresher. If you can't do it the first day in the morning, just do it whenever you can. It just makes you feel really great from the inside.

Yogi: Den internationalen Dag vum Yoga ass wichteg, fir dass d'Leit iwwerhaapt wëssen, dass et Yoga gëtt a wat d'Virdeeler dovunner sinn. Den Dag ass kreéiert ginn, fir méi Bewosstsinn ze schafen, iwwer Yoga a wéi et hëllefe kann. Ech mengen et ass elo nach méi wichteg no der COVID Kris oder mam Krich. Dëst Joer ass d'Thema vum International Day of Yoga och d'Humanitéit.
 
Yoga kann een also am Studio maachen, mee et huet een awer och d'Méiglechkeet et dobaussen ze maachen. D'Sarah Cattani an hire Mann den John ginn, ënnert anerem, all Sonnden um hallwer 11 e Cours op der Kinnekswiss.
 Sarah Cattani: Ech géing soen et ass e groussen Ënnerscheed, well et huet een och direkt d'Connectioun mat der Natur. Mir sinn zwar matzen an der Stad mee et spiert een awer d'Gras, d'Loft an d'Sonn. Et ass eppes aneres, wann een dobausse Yoga mécht, wéi an engem Raum. Als Yoga Coach ass een natierlech och net ëmmer ausgeglach, mir schaffen och all Dag un eis selwer. Natierlech huet een aner Outilen. Wann ee gesäit, dass eng Stresssituatioun op een duer kënnt, da weess een, dass een déif duerchotemt oder et muss ee bësse meditéieren. Et huet een einfach aner Ressourcen, och physesch. Verschidde Positiounen kënnen engem hëllefen, déi ee virdrun net hat. Mee total zen ass een dann och net.
 
Jidderee kann dohinner kommen an och dat bezuele wat e well. Yoga soll sou fir jiddereen zougänglech gemaach ginn. Op Social Media kritt een all d'Infoen an op radio.rtl.lu kann ee sämtlech Reportagen iwwert de Yoga ka lauschteren.