An den Owend op der Tëlee heescht et nees Top Secret, do geet et op den Thillebierg. De legendäre fréiere Red Boys Terrain zu Déifferdeng! E ganz spezielle Stadion deen um Terrain vum Stolproduzent vu Minnenaarbechter virun 100 Joer gebaut gouf. Fir déi di do hire Club ugefeiert hunn an natierlech och déi di do gespillt hunn ass den Thillebierg eppes ganz Besonnesches!

30/06/2022 RTL Tëlee: Top Secret - Thillebierg

Sou och fir de René Müller dee mat 45 Joer säin allerleschte Match fir d'Red Boys gespillt huet a bis dohi vill Titele mat senger Equipe gewonnen hat.

Onzieleg a spektakulär Matcher sinn do gespillt ginn, dat viru bis zu 8000 Leit, et waren der wuel heiansdo nach méi wann hei Championstitele a Coupë gewonnen a verdeedegt gi sinn. 16 Mol Coupe an 6 mol de Meeschtertitel, de Red Boys Palmarès léisst sech weisen. Hiren authenteschen an eenzegaartege fréieren Terrain wou Geschicht geschriwwe gouf läit ganz apaart uewen iwwer Déifferdeng am Bësch, an den Thillebierg stécht donieft och duerch seng sozial Geschicht an och architektonesch eraus.

Zënter 2018 ass déi schéin al Tribün ënner Denkmalschutz gestallt, éiert d’Restauratioun vum historeschen Terrain ufänkt ware mir nach emol fir den Top Secret op d'Plaz, an krute vill Anekdote vum René Müller verzielt. Wann der lo virwëtzeg gi sidd, den Owend um 7 aschalten am Magazin op der Tëlee.