Al Ginter, Daniel Schuhmacher an Olivier Conrardy, 2 Sänger an een deen sech sozial engagéiert, dat waren dem Dan Spogen seng Gäscht gëschter am LIVE! planet people.

RTL

Ënnert dem Motto "Eng schéin Zäit" gouf gëschter Owend dat 50t Garnecher Hamefest lancéiert wou den "Al Ginter Fiesta Orchestra" zesummen mam Änder Hirtt un den Fausti erënnert huet, deen eis den 20. Februar 2021 mat 80 Joer verlooss huet. Et war en Owend, wou een emol nees danze konnt wéi d'Fatz um Bengel, op déi beschte Lidder vum Entertainer sengen Albumen 'Fiesta mam Fausti', 'T as Kiirmes am Duerf oder Specktakel.

02-07-2022 LIVE (1) Al Ginter
RTL
RTL

Den Daniel Schuhmacher huet 2009 DSDS gewonne a kënnt e Sonndeg 10ten Juli op d'Luxembourg Pride.  Mat sengem Debutalbum "The Album" koum hien op Platz 1 vun den däitschen an éisträicheschen Charts a krut a béide Länner e gëllenen Disk. 2014 huet hien sech geout an mat "You are alive" well hien ganz seng Gefiller an engem Lidd erëmginn.

02-07-2022 LIVE (2) Daniel Schuhmacher
RTL
RTL

Den Olivier Conrardy huet 2013 "Aide philippines" an d'Liewen geruff, wéi e gesinn huet wéi eng schrecklech Biller vun Zerstéierung de Super Taifun Yolanda hannerlooss huet. Dausende vu Leit sinn deemools gestuerwen an iwwer 3 Millioune hunn hir Haiser verluer. Dat war beim Olivier den Ausléiser fir Hëllef zu Lëtzebuerg z'organiséieren fir dat Néidegst z'organiséieren wat sur place gebraucht gouf.

02-07-2022 LIVE (3) Olivier Conrardy
RTL

Aus där Iddi gouf eng asbl, an dëst Joer souguer eng ONG mat ca 30 Fräiwëllegen, an dëse WE ginn um "Kaumahan Festival" zu Hitten bei Biekerech Sue gesammelt, fir dass d'Hëllef weider geet. Zerwéiert gëtt philippinnescht Iessen, t'gëtt Live-Musek a fir d'alleréischt eng Bobycar- a Seefekëschtecourse.