Et gëtt ganz vill kuriéis Fakten iwwer grouss Genien aus der Geschicht. Kee vun hinne war en hondsgewéinleche Mënsch, an hir innovativ Astellung huet och dozou gefouert, dass se aussergewéinlech Gewunnechten haten an interessant Erfahrunge gemaach hunn. Et ass faszinant hir Perséinlechkeet z'analyséieren an z'erkenne wat se esou besonnesch mécht, Michèle Schons?

28/06/2022 Legenden, Mythen a Fakte ronderëm grouss Genien

Eng allgemeng Definitioun fir e Genie, an natierlech och vill anonym Persounen, déi an dës Kategorie falen, an hir Iddien net ëmsetze konnten, gëtt et net wierklech, dofir konzentréiere mer eis mol op déi grouss a bekannt Genien iwwer déi et nawell dat eent oder anert ze schwätze gëtt, vill vun hinnen haten nämlech ongewéinlech Gewunnechten an en aussergewéinlecht Liewen. De Leonardo da Vinci zum Beispill, zielt zu de gréisste Genië vun allen Zäiten, a Prokrastinatioun war seng grouss Schwächt. En huet zwar ganz vill Erfindungen op en Enn bruecht, mee eng grouss Unzuel un Iddie blouf ënnerwee einfach leien. Duerch déi permanent Flut u Gedanken, hat de Mann Problemer sech ze konzentréieren. Eng formal Ausbildung hat e keng, en hat just Liese, Schreiwen an e bësse Rechne geléiert a war en exzellenten Autodidakt. De Leonardo huet sech nämlech selwer Latäin bäibruecht, fir deemools d'Sprooch vun der Wëssenschaft ze verstoen. No sengem 30te Liewensjoer huet e fortgeschratt Mathematik geléiert.     

Och den Thomas Alva Edison war en impressionante Genie, deen seng eegen Erfindungsfabrik gegrënnt huet an säin Ziel war et, fir all 10 Joer eng Erfindung z'entwéckelen. Zu senger eegener Iwwerraschung huet en am Duerchschnëtt all 5 Deeg eng gemaach an 1300 Erfindunge ginn op säi Kont. Senger Fra huet en en Heiratsantrag iwwer Morsecode gemaach. Dass en en Zirkuselefant mat engem Stroumschlag ëmbruecht soll hunn, fir op d'Gefore vum Wiesselstroum opmierksam ze maachen, ass net beluecht. 

RTL

© pixabay (Thomas Alva Edison)

E weidere groussen Erfinder war den Alexander Graham Bell, dee laang Zäit als Erfinder vum Telefon gezielt huet. Et huet sech erausgestallt, dass en den Apparat guer net erfonnt hat, ma en huet de Photophon entwéckelt, e Gerät wat d'Stëmm iwwerdréit. Domat hat en allerdéngs onbewosst och de Grondsteen fir d'Mobiltelefonen an d'Glasfaseroptik geluecht.

RTL

© pixabay (Alexander Graham Bell)

Och de Benjamin Franklin hat erstaunlech Talenter. Hie war dovunner iwwerzeegt dass niddreg Temperaturen eng Aart Neistart bewierken, déi d'Effizient vun organesche Prozesser, wéi och dem Gehier, verbessere géing. Mat anere Wieder: Et gëtt näischt Besseres fir Moies an den Dag ze starten, wéi eng kal Dusch. Och war de Benjamin Franklin den Erfinder vum Schaukelstull.

RTL

© pixabay (Benjamin Franklin)

An nach e grousse Genie war den Thomas Young, deen d'Liichttheorie erfonnt huet. Och säin Talent war aussergewéinlech: Am Alter vun 2 Joer huet e Liese geléiert an hat zwee Joer drop schonn zweemol d'Bibel gelies. Am Laf vu sengem Liewen huet en et fäerdegbruecht fir 12 Sproochen ze schwätzen an e puer Museksinstrumenter ze spillen. Nieft der Physik huet en sech och fir d'Entzifferung vun ägypteschen Hieroglyphen interesséiert.