De Juni ass de Mount vun den Archiven. Wärend d'Archiv vun der Nationalbibliothéik deene meeschte Leit e Begrëff dierft sinn, ginn och nach op enger Partie anere Plaze vum Land Dokumenter gesammelt. Sou beispillsweis um Härebierg, de Marc Hoscheid huet e Bléck an de Keller vun der Militärkasär geworf.

28/06/2022 D'Archiv vum Bierg (Internet)

Zaldoten, Munitioun a Waffen, dat si Begrëffer déi ee mat der Militärkasär vum Härebierg verbënnt. Mee well wéi bei all Administratioun och an der Arméi vill Pabeierkrom ufält, huet sech am Laf vun der Zäit och eng Abberzuel un Dokumenter um Site iwwert Dikrech ugesammelt. Dobäi handelt et sech beispillsweis ëm Fotoen, Gebrauchsanweisungen, Kaarten, Korrespondenzen a Personaldossiere vun Zaldoten. D'Florence Spedener ass Responsabel fir Gerance vum Archiv um Härebierg an erkläert, firwat a wéi laang verschidden Dokumenter gehale ginn.

Florence Spedener: "D'Arméi huet wéi all aner Administratioun een Tableau de tri ausschaffen, mat den Archives nationales zesummen. Wat wéi laang gehalen duerf ginn, gouf mat deene verschiddenen Departementer ausgeschafft. Rechnunge ginn zum Beispill zéng Joer gehalen an dono solle se zerstéiert ginn. Bei de Personaldossieren ass et e bëssi anescht, déi gi 75 Joer ab deem Moment wou déi Persoun op d'Welt komm ass um Härebierg gehalen, dono gi se un d'Archives nationales."

RTL

© Marc Hoscheid/RTL

Een Deel vun den Dokumenter ass iwwregens aktuell an der aler Keelebunn vum Härebierg ënnerbruecht. Wann een an den Archive kroomt, stéisst een net just op dréchen administrativ Dokumenter, mee et sinn och alt emol méi ausgefale respektiv emotional Saachen drënner.

Florence Spedener: "Do gëtt et zwou Saachen, déi mir immens gutt am Gediechtnes bliwwe sinn. Dat engt war eng Zeechnung am Bläistëft op der Hand vun engem Spend vun engem Zaldot, wéi dee soll ausgesinn. Déi war immens detailléiert, ech si just 1,56 Meter an dat Dokument war bal sou grouss wéi ech, dat hunn ech immens impressionant fonnt. An dann och Bréiwer vu Fraen aus dem Zweete Weltkrich, déi nogefrot hunn, ob hir Männer géingen heemkommen."

Den Härebierg ass net déi eenzeg Plaz, op där zu Lëtzebuerg Militärdokumenter archivéiert ginn. Och am Centre de déminage um Waldhaff an bei der Militärmusek an der Stad sinn esou Sitten. Et ass awer d'Zil, alles op enger Plaz zesummenzeleeën. Dat een net onbedéngt ee Studium am Archivage ofgeschloss muss hunn, fir an deem Beräich ze schaffen, beweist d'Florence Spedener, dat ee Master an der Germanistik gemaach huet. Dono huet et déi jonk Fra fir d'éischt an d'Nationalbibliothéik a schlussendlech op den Härebierg gezunn. Déi wichtegst Viraussetzung fir de Beruff wieren d'Freed um Raumen, eng Sensibilitéit fir déi verschidden Dokumenter an eng gutt Equipe.