E Méindeg ass deen neie Guide VinsLux erauskomm. An dësem Buch gëtt een op Däitsch, Franséisch an Englesch alles Wëssenswäertes ronderëm de Lëtzebuerger Wäin gewuer. De Marc Hoscheid huet zesumme mam Claude François am Guide gebliedert a krut vum Auteur an Editeur ënner anerem verroden, op wat ee bei enger Degustatioun oppasse muss.

30/06/2022 Den neie Guide VinsLux ass eraus! (Internet)

Wien well vun der Auswiel op enger normaler Wäikaart am Restaurant erschloen ass, deen dierft eng Kéier schlécke wann en de Guide Vinslux 2022/2023 an der Hand hält. Op net manner ewéi 292 Säite präsentéiert de Claude François déi senger Meenung no beschten an interessantste Wäiner aus dem Grand-Duché. Bis op eng Ausnam sinn all d'Wënzer a Kellereien déi et zu Lëtzebuerg ginn, mat jee fënnef Wäiner vertrueden. Natierlech huet de Claude François all déi Wäiner geschmaacht. Esou Degustatioune lafen engersäits sou of, wéi een sech se als Laie virstellt, erausspäize vum Wäin inclus, sinn anerersäits awer méi ustrengend wéi ee vläicht menge kéint.

Claude François: "Et muss een erausspäizen, well wann een dat net mécht, da mécht een net ganz vill Degustatiounen oder op alle Fall net ganz laang. Et ass eng Technik, déi ee mat der Zäit léiert, fir d'éischt mol d'Richen, dann de Wäin an de Mond huelen an onbedéngt erausspäizen. Et kann een en och zwee oder dräi Mol an de Mond huelen, dat hänkt dervun of wéi vill Wäiner een dono nach huet. Et gëtt een och midd derbäi, well och wann een net ofschléckt, geet eppes an de Kierper. Virun allem bei Wäiner, déi 13,5 bis 14,5 Prozent Alkohol hunn, spiert een dat."

RTL

© Marc Hoscheid/RTL

Am Buch gëtt zudeem beschriwwen, wéi eng Wäiner besonnesch gutt zu verschiddene lëtzebuergesche Spezialitéite passen. D'Rezepter komme vun den Experten aus der Dikrecher Hotelsschoul. Laang gouf behaapt, datt zum Fleesch kee wäissen an zu Fësch kee roude Wäin passe géing. Dat gesäit de Claude François ganz anescht, zwar passt net all Wäin bei all Iessen, awer esou pauschaliséiere kéint een net.

Claude François: "Et gi vill rout Wäiner, déi gi fantastesch bei Fësch. Am Buch ass zum Beispill ee Rezept fir Coque au vin mat Pinot Noir, dat géing ee vläicht net sou mengen, mee dat geet ouni Problem. Beim Kéis ginn zum Beispill vill méi wäiss Wäiner ewéi rout Wäiner. De roude Wäin gëtt erschloe vum Kéis."

An engem weidere Kapitel ginn all d'Qualitéitslabelen aus dem Liewensmëttelberäich presentéiert. En plus fënnt een am Guide Informatiounen iwwert ee speziellen DropStop mat engem Motiv vum Kënschtler Robert Brandy. Dësen Opsaz, mat deem een de Wäin besser aus der Fläsch geschott kritt, kënnt geschwënn an enger limitéierter Serie op de Marché. Den Erléiss geet integral un den Télévie. Am Kader vum Télévie gëtt de 15. Abrëll 2023 zudeem rëm deen traditionelle Dîner VinsLux, dës Kéier an der Orangerie vum Domaine Thermal zu Munneref, organiséiert.