Stellt iech fir et ass Owes däischter an dir sidd ënnerwee fir heem a mengt ëmmer nees, dass der hannert Iech ee Geräisch héiert, oder e Grupp kënnt Iech entgéint kuckt iech komesch... Vläicht hu dir esou oder eng änlech Situatioun schonn erlieft. Dat ass kee schéint Gefill. Mee wat mécht een dann? Am Iechternacher Lycée huet viru knapp 2 Woche genee esou Situatiounen duerchgespillt ginn an engem Selbstverteidegungskuer vun enger asbl. E Projet dee vu véier Schülerinnen organiséiert gouf.

17/06/2022 W Safety - Schülerinne setzen sech géint Gewalt an

Et sinn Extremsituatioune vun deenen de Marcel Steffen vun der asbl Self-Defense Club vun der Police Grand-Ducale schwätzt. Een Ugrëff mat engem Messer, eng Persoun, déi engem ze no kënnt oder mat enger séierer Beweegung d'Posch vun der Schëller wëll rappen. Momenter, déi kee wëll erliewen an awer kënnen si geschéien.

Marcel Steffen. Wa mir Technike léieren, dann ass et wann ech an der Situatioun selwer sinn. Wann ech muss réagéieren. Mir soen de Jonken ëmmer kuckt net ewech. Hëlleft engem Affer, rufft d'Police un oder wann dir zu dräi, véier sidd. Dann huelt d'Affer ewech, awer nëmmen wa keng Waffen am Spill sinn fir sech net selwer a Gefor ze bréngen. Dat sinn d'Haaptmessagen, déi mir de Jonke mat op de Wee ginn.

Genee dorobber sinn d'Schüler aus dem Iechternacher Lycée haut virbereet ginn. Zwou Stonne laang hunn d'Polizisten Erfarungen an Tricke mat deene Jonke gedeelt.

Am Kuer ware ronn 30 Schüler aus dem Iechternacher Lycée. Dat waren der souguer méi wéi ugangs erwaart. D'Iddi fir dee Projet hate véier Schülerinnen, d' Claudia Fernandes, d'Britney Heyard, d'Diana Rodrigues an d'Marie Lee Göbel. An hirem Ecoskuer hunn si dëst Joer e Projet misse realiséieren an hunn sech do fir d'Thema Sécherheet bei Fraen interesséiert. D'Britney Heyard erkläert firwat si grad dat Thema erausgesicht hunn.

Britney Heyard: Dat Thema ass eis esou wichteg well vill méi Leit dovunner betraff sinn wéi mir vläicht mengen. Zum Beispill eng vu véier Fraen an ee vu siewen Jongen fillen sech net wuel dobaussen elleng ze trëppelen, owes zum Beispill. Et gëtt och wierklech net vill dovunner geschwat. Wëll wann zum Beispill iergendeppes geschitt an et kënnt an de soziale Medien, d'Leit posten an schwätzen vläicht puer Deeg driwwer mee duerno ass et nees vergiess. 

De Selbstverteidegungskuer war den Ofschloss vun hirem Projet. Virdrun haten si och eng Table Ronde organiséiert zum Thema sexuell Gewalt bei Fraen.

Britney Heyard: Och sou Saachen wéi Catcalling, déi ginn an eiser Gesellschaft komplett normaliséiert. Du kanns scho sécher sinn, dass wanns du raus gees, dass dann eng Grupp Jongen oder Meedecher der hannendrun päiffen. An dat stéiert eis.

Um Enn vum Dag hunn d'Schüler net just puer Übunge gewise kritt, wéi si sech am Noutfall verdeedegen, mee si sensibiliséiert ginn an hunn sech mam Thema auserneegesat. Net fort kucken an der Gewalt keng Chance ginn.