Eng lieweg Grenz zum Noper sinn déi schéin gréng Hecken, well déi wierken fir déi zwou Säiten méi schéin wéi e langweilegen Drot. Allerdéngs brauchen déi och Fleeg an Aarbecht, well soss wuessen se engem iwwer de Kapp. Awer wéi dacks soll een se schneiden a wéi? Fir de Jeannot Lacour, eisen Heckenexpert hänkt dat ganz dervunner of, well Heck ass net gläich Heck. Déi eng wuessen méi séier, déi aner méi lues.

28/06/2022 Gaardentipps: D'Heck muss geschnidde ginn (Internet)

Ech huelen zum Beispill den Taxus, dee wiisst zimmlech lues, dee mécht Schëss bis 10cm am Joer. Do geet et duer wann ech eemol schneiden. Bei där Heck ass et wichteg dass ech net voll an der praller Sonn bei 30 Grad schneiden, dann ginn d'Spëtzen brong. D'Heck geet natierlech net futti mä se gesäit guer net schéin aus. Dann huelen ech Lorber oder och nach de portugiseschen Lorber, déi kann een roueg zweemol d'Joer schneiden. Natierlech wat eng Heck méi dacks geschnidde gëtt, wat eng Heck och méi dicht gëtt. Dat ass allgemeng, schneiden ech uewen of, geet se ënnen auseneen.

28-06-2022 Gaardentipps - Jeannot Lacour - Hecken schneiden

Den Expert schléit vir, eng Kéier am Juli d'Heckeschéier auszepaken, an dann nach emol am Oktober, November fir d'Form ze behalen an d'Spëtzen ze schneiden.

Déi Hecken, déi am meeschten ausdreiwen sinn natierlech Buchenhecken. Déi mussen schonn bal 2 mol d'Joer geschnidden ginn, dat heescht elo bis an den hallwe Juli kann ech se schneiden. Se hunn schonn dee gréissten Schoss am Joer gemaach. Déi maache Schëss bis zu 1m. Dat hänkt natierlech och vun de Konditiounen of. Reent et, ass et dompeg wéi et den Ament ass, dann wiisst alles vill méi séier. Buchenhecken schneiden ech dann sou ab Mëtt Juli, an dann ass dee nächste Schoss, dee nächsten Ausdriff deen da kënnt net méi sou grouss, wéi deen éischten, well iwwer de Summer, Mëtt Juli bis Mëtt September wiisst net méi sou vill, da maache se nach Schëss vun 15 bis 20cm.

28-06-2022 Gaardentipps - Jeannot Lacour - Wéi dacks soll een d'Heck schneiden

D'Fauschtreegel ass, wat ech uewen méi schneiden, wat se ënnen méi dicht gëtt. A wann ech bei de Buchen e Radikalschnëtt maachen, dann ass dat am beschten iwwer de Wanter ze maachen, an do kann een och schonn emol mat der Motorsee drafueren.