Äert Gläichgewiicht kéint Iech verroden ob Dir méi laang lieft. Esou ongeféier kann een dat aus enger Etüd aus dem "British Journal of Sports Medicine" resuméieren. Den Equiliber selwer ass schwéier ze moossen an e gëtt och net esou dacks gecheckt, dobäi ass e souguer fir alldeeglech Aktivitéite wichteg. Wat genee dohannert stécht, weess de Jeff Rossler.

29/06/2022 Wien op engem Bee ka stoe, lieft méi laang?! (Internet)

Ronn 1700 Leit tëschent 51 a 75 Joer a Brasilien hu sech vun 2008 bis 2020 bereet erkläert dësen Test reegelméisseg ze maachen: Buerféiss 10 Sekonnen op engem Been stoen. D'Äerm ginn dobäi erofhänke gelooss, de gehuewene Fouss gëtt no hannen un déi ënnescht Cuisse gedréckt an de Bléck ass op ee Punkt fixéiert. D'Leit haten 3 Versich pro Been. Dat klengt vläicht net no vill, mee mam Alter gëtt dat och méi schwéier a ka schonn e klengen Abléck an d'Fitness an d'Gesondheet vun de Mënsche ginn.

Direkt e Fënneftel vun de Leit hu bei der Etüd hiert Gläichgewiicht net hale kënnen. Wann een d'Resultater an Altersklassen andeelt, gesäit een, dass de Prozentsaz vun de Leit, déi et net packen, sech am Alter praktesch all 5 Joer quasi verduebelt. Bei de knapp iwwer 50järegen waren et manner wéi 5% déi et net gepackt hunn, bei Mënschen tëscht 56 a 60 Joer hunn et der 8% net hikritt. Dat geet dann erop bis zu den iwwer 70järegen, bei deenen et knapp iwwer d'Hallschent net méi hikruten, hiert Gläichgewiicht ze halen. Bannent deene 20 Joer huet sech d'Quote fir net kënnen op engem Been ze stoe quasi vereeleffacht. Et kann een awer och am Viraus verhënneren, dass sech d'Equiliber esou séier verschlechtert, esou de Generaliste Dr. Nico Haas.

Nico Haas: Et ass ëmmer de Centre de Gravité. Bei engem gudden Equiliber muss dee gutt sëtzen. Dat heescht wann een net iwwerméissegt Gewiicht huet oder wann ee Saache vermeit, déi de Centre de Gravité an eng schlecht Positioun bréngen, ass een um gudde Wee. Dann kann een en natierlech och trainéieren. Do ginn et ganz einfach Trainingen, wéi z.B. op engem Been stoen a kucken dat Been 30 Sekonnen an der Luucht hale kann. Wann een dat scho kann, kann een och probéieren d'Been dobäi hin an hir ze schwéngen.

Dee schlechten Equiliber koum awer och net vun ongeféier. D'Participanten haten dacks scho gesondheetlech Boboen, wéi z.B. Häerzproblemer. Diabetis war och dräi mol esou heefeg bei deenen, déi net stoe bliwwe sinn, wéi bei de Leit mat besserem Gläichgewiicht. Wann een Alter, Geschlecht a Virerkrankungen net mat consideréiert hat, haten déi mat enger méi schlechter Balance 84% méi en héije Stierwensrisiko fir déi kommend Joren, wéi elo déi, déi d'10 Sekonnen op engem Been stoe konnten.

Natierlech ass e Gläichgewiichtsprobleem net e Grond, deen zum Doud féiert, dat wollt d'Etüd elo net domadder aussoen. Éischter goung et drëms, dass ee sech, duerch dësen einfachen Test, séier en ongeféiert Bild vu sengem Gesondheetszoustand ka maachen.