Hëtztwellen hunn Europa och dëse Summer weiderhi fest am Grëff. A Spuenien, wéi och an Däitschland koum et an deene leschte Wochen zu enger ganzer Rei Bëschbränn an a Frankräich si ganz Landstrécher ausgedréchent. Op ville Plaze herrscht Waasserknappheet wouduerch een hei zum Deel gezwongen ass, fir op éischter ongewéinlech Mesuren zeréckzegräifen, wéi zum Beispill an engem Duerf am Norde vun Nice, wou d’Zännwäschen an d'Drénke vum Krunnewaasser verbuede gouf. Et verstäerkt sech d’Impressioun, dass dës Canicullen an deene leschte Joren ëmmer méi dacks géinge virkommen an och ëmmer méi intensiv ginn. Ass do dann eppes drun? A firwat entstinn Hëtztwellen eigentlech a wéi eng Auswierkungen hu se op eis? Mir hu mam Meteorolog Fabian Ruhnau vu Kachelmannwetter geschwat.

01/07/2022 Firwat erliewe mir souvill Canicullen?

Eng offiziell Definitioun fir Hëtztwelle géing et net ginn, sou de Fabian Ruhnau, mä dofir awer eng fir Hëtztdeeg.

«Es gibt eine offizielle Definition von einem Hitzetag. Das ist nämlich ein Tag wenn die Tageshöchsttemperatur 30 Grad oder mehr erreicht. Und wenn das eben mindestens drei Tage in Folge auftritt, dann spricht man inoffiziell zumindest von einer Hitzewelle»

Dass Caniculle méi heefeg virkomme wéi soss, ass effektiv wouer. Schold heirun, sou de Fabian Ruhnau, wier virun allem de Klimawandel. D’Hëtztdeeg iwwerschreiden ëmmer méi dacks d’30-Grad-Mark a kommen och ëmmer méi dacks vir.

«Es ist die gleiche Wetterlage, die vielleicht vor 30-40 Jahren noch 28 Grad brachte. Die bringt heute eben schnell dann auch 30-31 Grad weil die Luftmassen, die uns dann aus Südwesten erreichen, beispielsweise aus Spanien eben dann auch deutlich wärmer sind als früher»

Virun allem al a krank Leit leiden ënnert den Hëtztwellen, mä awer och d’Ëmwelt. Kombinéiert mat längeren Dréchenten, kënnen d’Auswierkunge vu Canicullen op d’Landwirtschaft fatal sinn. Dëst, dat betount de Fabian Ruhnau, wier awer nach e separate Problem. Astelle sollt ee sech op alle Fall drop, dass d’Hëtztwellen an Zukunft nach méi dacks optriede wäerten.

«Also der Trend wird erstmal nicht abreissen, davon ist auszugehen. Man muss auch davon ausgehen, dass wir die 40-Grad-Marke, die ja nur sehr selten bisher und ganz vereinzelt mal überschritten wurde, dass wir das auch in Mitteleuropa und auch in Luxemburg immer mal wieder sehen werden»

Dëst heescht awer net, dass mir et lo all Summer mat däraartegen Temperaturen ze di kréien. Och wäerten et nach Summere ginn, déi manner waarm sinn, dëst awer méi seelen. Si Caniculle fréier just all 10-20 Joer opgetauch, wäert dëst an Zukunft awer op d’mannst all puer Joer mol de Fall sinn.

Dass ee bei esou Hëtztwelle genuch drénke soll, ass gewosst. Trotzdeem huet de Fabian Ruhnau nach ee weidere wichtegen Tipp parat:

«Wenn man jetzt beispielsweise nicht zu Hause ist sondern auf der Arbeit, ist es natürlich sinnvoll, dass man die Fenster geschlossen hält und die Räume abdunkelt. Aber sobald man sich längere Zeit in der Wohnung oder im Haus aufhält, ist es immer besser und gesünder dass man die Fenster aufmacht, dass die Luft in Bewegung ist, beispielsweise auch Ventilatoren aufstellt, damit die Luft eben ausgestauscht wird, auch wenn sie wärmer ist wenn sie von draussen reinkommt. Die Luft ist einfach frischer, besser zu atmen und es ist gesünder»

Vum Mythos vun der «Mëtteshëtzt» soll een och ewech kommen. De beschten Zäitpunkt fir op engem waarmen Dag Sport ze maachen ass zwar effektiv fréi moies, mä déi wäermsten Zäit op esou engem Dag ass awer réischt am spéiden Nomëtten tëschent 17 an 18 Auer.