Haut proposéiere mer iech eng Heelplanz, déi net nëmme wonnerschéin ass, ma duerch hir Schläimstoffer eng ganz laang Traditioun an der Naturheilkunde huet. Si blitt vu Juni bis Oktober am rosa, mof, blo oder rout. Wéi een se fir sech notze kann, dat verréit iech d'Michèle Schons:  

19/07/2022 Kéispappel - oder déi wëll Mof

Meeschtens wiisst se um Rand vum Wee, der Strooss oder och op Felder. Kéisspappel gëtt se och genannt, wéinst de ronne Friichten, déi un e Kéisleif erënneren. De Wuertdeel Pappel kënnt vum Süddäitsche Papp, italienesch Pappa, fir Bräi zeréck a bezitt sech op déi planzlech Schläimstoffer. D'Malve ass eng vun den eelsten Notzplanze vun der Welt an ass fréier och zu Kannerbräi verschafft ginn. Als Geméis oder Heelplanz ass se fréier an de Kléischter ugebaut ginn an huet duerch hire medezineschen Notze ganz Europa eruewert. D'Krautkind Marius Sinn erkläert:

Diese Schleimstoffe sind gesundheitlich relevant, zum Beispiel bei Entzündungen auf der Schleimhaut. Man kann sie als Tee oder auch roh nutzen, bei Verletzungen im Mund im Rachen, aber auch im Verdauungsapparat, wie der Magen- oder Darmschleimhaut.

RTL

© pixabay

D'Kéispappel huet net nëmmen Heelkraaft, ma si schmaacht och nach ganz gutt a kann an der Kichen réi an der Zalot verschafft ginn, oder an engem Smoothie gedronk ginn. Dee kritt se duerch d'Schläimstoffer eng besonnesch sametteg Notte. Och Téi kann een draus maachen an am Hierscht a Wanter kann een souguer d'Wuerzel huele fir Zosen anzedécksen. 

Die Konzentration der Schleimstoffe geht bis zu 15% und die sind überall in der Pflanze vorzufinden. In den Blättern gibt es auch reichlich Eiweiss, Flavonoide, und Mineralstoffe und Spurenelemente wie Eisen und Kalium.    

RTL

© pixabay

D'Kéispappel, Malva Sylvestris wéi se mam botaneschen Numm heescht, kann tëscht 40 an 100 Zentimeter grouss ginn an huet e muussege Still mat Äschtercher. 

Die Wilde Malve hat 5 Blütenblätter an der Zahl, und der Aussenrand der Blütenblätter ist eingebuchtet. Die Blätter sind auch 5-Lappig. Aus den Blüten entsteht dann der Fruchtstand. Unreif sind sie rundlich, wie kleine Donuts, oder wie ein Käseleib, deshalb nennt man sie auch grosse Käsepappel. Diese schmecken nussig und schleimig, und man merkt sofort dass es einem gut tut. 

RTL

© pixabay

Déi zaart Bléie vun der Kéispappel eegnen sech och wonnerbar fir Desserten, Sirop oder och fir verschidde Platen ze dekoréieren. Wéinst der schéiner Faarf maachen se sech och gutt am Bléienzocker oder am Salz. 

Bei der Mondhygiène an och als Schutz bei Infektioune ka gedréchent a pulveriséiert Wuerzel vun der Kéispappel och als Zahnpasta genotzt ginn. 

RTL

© krautkind.de