Mir huelen haut eng ural Heelplanz an e richtegen Alleskënner méi genee ënnert d'Lupp - de schwaarzen Hielenner. An der Kichen an an der Phytotherapie ass et en Ass, an e beschenkt eis direkt zweemol am Joer, zum enge mat senge wäissen aromatesche Bléien am Fréijoer, an dono mat de schwaarze Friichten am Hierscht. E Strauch vun de Géigesätz, deen eis trotzdeem hëlleft, Harmonie an eng ënnerlech Balance ze fannen, Michèle Schons? 

16/08/2022 Schwaarzen Hielenner - Ural Heelplanz an Alleskënner

Den Hielenner wiisst ganz gären an der Géigend vun Haiser, dofir ass et relativ liicht en ze fannen. Vum Mee bis Enn Juni straalt e mat senge wäisse Bléien, déi immens gutt richen, an déi gären als Sirop an der Limonade gedronk ginn, awer och am Deeg frittéiert schmaachen se ganz gutt. Och ginn dës Bléie gären als Schweesskuer bei Féiwer an Erkältung agesat. An dono kommen déi schwaarz Friichten, Krautkind Marius Sinn:

Die sind wirklich sehr lecker und fruchtig, aber da muss man aufpassen beim Sammeln, es gibt noch andere Holunderarten, wie der rote Holunder oder der Zwergholunder, die nicht geniessbar sind. Beim roten Holunder, wie der Name schon sagt, bleiben die reifen Beeren rot, beim schwarzen Holunder sind sie erst rötlich und wenn sie richtig reif sind, werden sie schwarz. Erst dann sollten wir die Beeren vom schwarzen Holunder ernten. Der Zwergholunder wächst nur bis 2 Meter Höhe, und die Beeren hängen nicht wie beim schwarzen Holunder, sondern stehen gerade aufgerichtet. Um auf Nummer sicher zu gehen, erntet man die schwarzen reifen Beeren erst oberhalb der Höhe von 2 Metern. 

RTL

© pixabay

Schwaarzen Hielenner huet och verschidde problematesch Inhaltsstoffer, wéi zyanogen Glykosiden, dofir si fréier Blieder, onzeideg Frichten an d'Schuel vum Bam als Offéier- an Ëntgëftungsmëttel agesat ginn. Haut sollen se léiwer am gekachten Zoustand genotzt ginn, woubäi déi problematesch Stoffer dann neutraliséiert ginn. Déi richteg zeideg schwaarz Biere si ganz wäertvoll.

Sie beinhalten über 7% Zucker, und vor allem Antozyane, Antioxydanzien, die uns vor freien Radikalen schützen und unser Immunsystem unterstützen. Auch ist ganz viel Vitamin B2, B9, viele ätherische Öle, Flavonoide, Fruchtsäure, Kaliumsalze, Gerbstoffe und Schleime. Verarbeitet werden die schwarzen Beeren vor allem in Sirup, Marmelade, Alkoholischen Getränken, Fruchtleder, Pulver oder aber auch Lebensmittelfarbe.    

RTL

© pixabay

Dacks kënnt de schwaarzen Hielenner vun eleng esouguer am eegene Gaart, da sollt een em, wéi fréier, Plaz a Raum ginn fir sech z'entfalen. Fréier hat den Hielenner och nach eng ganz spirituell Bedeitung, well d'Leit domat Kontakt zu hiren Anen opgeholl hunn. Ma als wichteg Naturapdikt ass en och scho bei de bei den ale Griichen a Réimer am Asaz gewiescht.

RTL

© pixabay

An Nordeuropa goufen esouguer déi Verstuerwen nach virun net allze laanger Zäit op Hielennerstreich geluecht an en ass fréier express ugebaut ginn, well anscheinend all déi gutt Hausgeeschter am Hielenner sëtzen.

RTL

© Marius Sinn - www.krautkind.de