
© pixabay
De Sanddorn, heiansdo och Sandbier genannt, huet säin Numm vun de Sanddünen un der Nord- an Ostsee, wou de Strauch ganz gäre wiisst. A well en op esou morem Buedem doheem ass, brauch en och staark Wuerzelen. Mat dëse Stäerkt en och seng orange Friichten, déi botanesch méi zu den Nëss zielen a liwwert e richtege Kraft-Package u gesonden Inhaltsstoffer. Michèle Schons?
Puh, sauer! Sanddorn réi z'iessen, ass net jidderengem senges, well de Mond zitt sech schonn zesummen. De Grond? Sanddorn huet bis zu zéng mol méi Vitaminn C wéi eng Zitroun, wat en zum superlative Gesondheets-Shot mécht, virun allem a der Erkältungszäit. Richteg doséiert an an der Kiche kombinéiert mat aneren Ingredienten, ass en eng ganz positiv Investitioun fir eise Kierper a Geescht. D'Krautkind Marius Sinn:
Sanddorn ist ein Strauch mit schmalen Blättchen, die durch die Behaarung auf der Unterseite sehr hell sind, und auf der Oberseite dunkelgrün. Der Strauch wächst 3-5 Meter hoch und hat einige sehr starke unangenehme Dornen. Ab August/September fangen die Beeren dann an orange zu werden und wenn man diese probiert, stellt man direkt fest, dass es eine Vitamin C Bombe ist.

© pixabay
Opgrond vum sauere Goût gëtt Sanddorn meeschtens an der verschaffter Form verkaf, wéi de Jus, Mous, Téi, Ueleg, Gebeess, Gelee oder Sirop. Eng gesond Alternativ ass et och déifgefruere Bieren einfach an de Smoothie oder de Jugurt ze maachen. Allerdéngs brauch et e bësse Geschéck fir déi kleng Friichten ze plécken.
Zum einen wenn sie reif sind, und man sie zieht, ist der Fruchtstengel meist so fest an der Frucht dran, dass die Beere platzt wenn man sie abstreift. Ich würde empfehlen einfach ganze Äste abzuschneiden, und die dann Schock-einzufrieren und danach kann man sie einfach abschütteln und die Beere bleibt intakt.

© pixabay
Wärend den däitschen Numm e visibele Bezuch zu der Heelplanz huet, sinn d'Sproochfuerscher sech beim botaneschen Numm Hoppophae éischter net eens. Déi eng mengen, dass d'"Päerd" an och "Liichten" dran ass, anerer bezweiwelen dat a mengen dass d'Wuert op eng pickeg Sippschaft hindeit. Beim zweete Wuert Rhamnoides ass et awer kloer dass "kräizdorn-arteg" dermat gemengt ass. Och an der Kosmetik ass de Sanddorn extrem beléift well en als Ueleg a verschiddene Crème verschafft ass an d'Hautalterung reduzéiert.
Wir finden sehr wertvolle Öle, sowohl im Fruchtfleisch als auch in den Kernen. Wenn man zb so ein Sirup oder eine Marmelade mit Sanddorn macht, bildet sich oben eine Ölschicht, die direkt aus dem Fruchtfleisch kommt, und sehr wertvoll ist, weil sie essentielle Fettsäuren beihnaltet die sehr gesund für uns sind.

© pixabay
Doduerch dass an der Planz och Beta-Carotin dran ass, ass en net nëmme gutt fir d'Aen ma hëlleft och Venen an Arterie fräi a gesond ze halen, e fuerdert d'Verdauung a rezent Etüden hunn och festgestallt dass d'Biere mat hiren anti-oxidative Stoffer och d'Zellbildung am Kierper ënnerstëtzen.
Direkt Risiken bei der Consommatioun vu Sanddorn ginn et keng, wat een als Iwwerschoss un Närstoffer opgeholl huet, gëtt spéider iwwert de Verdauungssystem entsuergt. Allerdéngs sollt een oppassen, dass een de Sanddorn net mam Seidelbast verwiesselt, deem seng Biere sinn net orange ma rout. Fir op Nummer Sécher ze goen, kënnt der iech d'Fotoen an d'Infoen nach emol ukucken, dir fannt se bei eis hei um Site.

© krautkind.de