Mir ginn et reegelméisseg hei am Radio duerch. Wann et rëm heescht: Oppassen, et ass nees enzwousch Coupe Scolaire. Zanter méi wéi 30 Joer gëtt et dat schonn an hei léieren déi Jonk wat et heescht am Stroosseverkéier matzemaachen. Gëschter war d'Final zu Diddeleng bei där d'Gewënner aus de verschiddene Gemengen aus dem ganze Land nach eng Kéier ugetruede sinn. D'Lea Schwartz weess méi.

04/07/2022 D'Finale vum Coupe Scolaire zu Diddeleng

Fonctionéiert d'Schell? Passt den Helm? An sinn all d'Luuchten an d'Reflekter do wou si higehéieren? Nach ier een op d'Strooss fueren dierf, ginn et vill Saachen op déi een oppasse muss. Dat weess och d'Caroline. Hatt huet a senger Gemeng de Coupe Scolaire gewonnen an dierf elo mat an der Final fueren.

Caroline: Et muss een op alle Fall eng Schell hunn, déi och fonctionéiert. Op d'mannst zwee Reflekteren an de Speechele pro Rad. Dat heescht op d'mannst véier. Et brauch een eng rout Luucht hannen, déi och fonctionéiert an ee roude Reflekter och hannen. Vir brauch een ee gielen oder e wäisse Reflekter. Oder eng giel oder wäiss Luucht, déi och fonctionéiert. An wat mäi Vëlo elo nach net huet, dat muss awer drop sinn, ass eng giel Sträif.

RTL

© RTL

Och Reflekteren op de Pedallen a Bremsen, déi gutt fonctionéiere sinn Deel vum Equipement déi ee Vëlo muss hunn. D'Finale vum Coupe Scolaire gëtt organiséiert vun der Sécurité Routière an Zesummenaarbecht mat der Police an dëst Joer der Gemeng Diddeleng. Fir d'éischt gëtt et een theoreteschen Deel an duerno kënnt d'Praxis. Do mussen d'Kanner dann eng Stréck fueren an ënnerwee sinn 12 Kontrollposten, déi ganz genau oppassen op een alles richteg mécht.

Caroline: Bei de Lénkskéieren, dass ech net ze wäit riets sinn. Do hunn ech zimmlech Angscht, dass ech dat falsch maachen. Ech si mega opgereegt an ech sinn och gespaant wien gewënnt.

Ëmmerhi steet vill um Spill, de grousse Präis ass dëst Joer e Vëlo. Déi bescht kommen an een Tirage au Sort an do ginn dann dräi Gewënner rausgezunn. Fir zu deene beschten ze gehéieren, dierf ee keng Feeler maachen. D'Directrice vun der Sécurité Routière Isabelle Medinger erkläert d'Reegelen.

Isabelle Medinger: Majo d'Kanner si jo elo fir d'Final hei zu Diddeleng an do maachen si an sech dat selwecht, wat si an hirer Gemeng gemaach hunn. An hirer Gemeng hunn si natierlech de Parcours besser kannt. An si wosste ganz genau, wat si misste maachen a wéi de Wee ass, dat heescht si hunn sech just missten op hire Vëlo konzentréieren. An hei sinn och elo ganz vill Kontrollposten, déi kontrolléieren, op si de richtegen Aarm rausstrecken, op si richteg de Stopp markéieren. Eben alles wat si an hirer Gemeng geléiert hunn mat hire Schoulmeeschter oder mat hirer Léierin.

An der Final konnten si sech dann mat deenen aneren mossen. Ausgewäert gëtt elo am Laf vun der Woch, de Gewënner steet da spéitstens den 12. Juli fest. Dann ass d'Präisiwwerreechung.

De ganze Reportage iwwert d'Final vum Coupe Scolaire kann een iwwregens och e Sonndeg an de Kannanews kucken op der Télé oder am RTL Play.