Den 1. Juli ass den internationalen Dag vum Witz. Dacks gëtt gesot, datt Laache gesond wier, mat der Gelotologie gëtt et esouguer eng Wëssenschaft, déi di kierperlech a psychesch Auswierkunge vum Laachen ënnersicht. De Marc Hoscheid huet beim Dokter Nico Haas nogefrot, ob Humor wierklech positiv Auswierkungen op d'Gesondheet huet, oder dat just e schlechte Witz ass.

01/07/2022 Laachen ass gesond (Internet)

Humor ass, wann een trotzdeem laacht, sou den däitsche Lyriker Otto Julius Bierbaum um Enn vum 19. Joerhonnert. Domat ass gemengt, datt een och a schwierege Situatioune säin Humor net verléiere soll. D'Vermuddung, datt Humor gutt fir d'Gesondheet ass, ass well laang queesch uechter d'Welt verbreet. Sou heescht et an Italien, datt Laache gutt Blutt mécht, d'Inder soen, dee beschten Dokter sëtzt an engem selwer a laacht an a China gëtt et Spréchwuert, datt all Minutt déi ee laacht, d'Liewen ëm eng Stonn verlängert. Mee wéi gesäit dat déi modern Medezin? Den Dokter Nico Haas mat den Explikatiounen.

Nico Haas: "Wann ee laacht, da ginn den Adrenalin- a Wachstumshormonspigel erof, de Kortison geet erof, de Serotonin geet an d'Luucht an et geet engem besser. Eng Minutt Laachen bréngt heiansdo genee esou vill wéi 45 Minutte Schlof. Den Immunsystem gëtt gestäerkt an et verlängert een d'Liewen. Ee Mënsch, deen optimistesch a lëschteg duerch d'Liewe geet, deen huet am Prinzip méi laang ze liewe wéi een, dee pessimistesch an humorlos ass."

Laache stäerkt den Häerzmuskel, senkt de Bluttdrock an entspaant d'Muskulatur an de vegetative Nervesystem. Dat féiert dozou, datt ee manner Péng spiert. Eng gutt Laachtherapie bréngt dem Nico Haas no genee esou vill wéi Medikamenter. Dowéinst gëtt Humor zanter enger Partie Jore verstäerkt an der Medezin agesat.

Nico Haas: "Wou een et ganz gutt gesäit, dat ass an de Klinicken mat der Clownentherapie. D'Clowne ware bei eis lues a lues verschwonne bis dat se herno just nach am Zirkus opgetruede si fir d'Leit zum Laachen ze bréngen. Haut gëtt et déi Clownegesellschaften, déi gi besonnesch bei de Kanner agesat, mee et geet och bei den Altersheimer."

Dacks missten d'Clowne mol guer net schwätzen, komesch Gesten oder eng witzeg Mimik géingen dacks duer, fir grad Kanner un d'Laachen ze kréien. Doriwwer eraus huet Humor och eng sozial Funktioun. E fërdert nämlech d'Kreativitéit a suergt sou fir besser Iddien. En plus entschäerft e Konflikter a reduzéiert d'Angscht.